En éischten Ausbléck: Wéi d’Chancen op wäiss Chrëschtdeeg momentan stinn

Elo, wou Chrëschtdag net méi all ze wäit ewech ass, kann een en éischten Ausbléck woen – deen awer ausdrécklech just eng Moment-Opnam ass a nach weider wäert am Aen gehal ginn.

Advertisement

Ënnerschiddlech Modeller mat änlechen Iddien

Dësen Artikel beschreift déi potenziell Wiederlag ronderëmt Chrëschtdag an ass domat keng typesch Wiederprognos, mee méi eng Interpretatioun vun den aktuelle Modellrechnunge fir de relevanten Zäitpunkt. Eppes aneres ass aktuell och nach guer net machbar, och wann een a verschiddene, primär däitsche Boulevardmedien, eppes aneres suggeréiert kritt.


Déi aktuell berechent Grousswiederlag vum amerikanesche Modell | Grafik: wxcharts.com

D’Wiedermodeller sinn de Moment, wat d’Grousswiederlag ugeet, guer net mol esou ënnerschiddlech. Fir de 24. an de 25. Dezember rechent dem amerikanesche GFS e kräftegt Héich virun der Westküst vu Frankräich, iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwert dem skandinavesche Raum läit. Dësen Déifdrockafloss géif sech nach an der Nuecht op de 25. Dezember bis a Polen verlageren.


Déi aktuell berechent Grousswiederlag vum europäesche Modell | Grafik: wxcharts.com

Den europäesche Modell gesäit och en Héich iwwert dem Atlantik an Déifdrockaktivitéit iwwer Skandinavien. Den eenzegen Ënnerscheed ass aktuell, dass dëse Modell fir de 25. Dezember undeit, dass sech d’Héichdrockgebitt soll iwwert de Gros vum Kontinent leeën, amplaz dass d’Déif méi wäit südlech gezu kënnt.

E puer Eenzelheeten zu de momentane Berechnungen

Dem amerikanesche Modell no kéinte mir de 24. an de 25. Dezember ënnert eng turbulent westlech bis nordwestlech Stréimung geroden, déi eis net nëmme markant Nidderschléi mee och e stramme Wand bis hin zu potenzielle Stuermstéiss kéint bréngen. Verbonne wieren dës fiicht Loftmassen och nach mat enger kuerzzäiteger killer Loftmass, déi temporär op eis Géigende kann iwwergräifen. Duerch dës wier et, nieft dem deels staarke Reen, net onméiglech, dass et am genannten Zäitraum zu eenzelne Flacken op de Koppe kéim.

Den europäesche Modell gesäit eng däitlech manner turbulent a méi roueg Situatioun, mee déi kill Loftmasse kéinte méi wäit an eis Géigenden erofgezu kommen. D’Zäitfënster, an där et potenziell kéint zu Schnéischauere kommen, ass also méi grouss wéi beim GFS-Modell.

Wat dat elo ze bedeiten huet

Jo, den aktuelle Berechnunge no sinn fir Hellegowend a Chrëschtdag e puer Flacken/eenzel Schnéischaueren an de Kaarten dran. Allerdéngs schwätzt villes dofir, dass d’Konditiounen, dass eppes dovu fällt oder leie bleift, nëmme kuerzzäiteg erfëllt sinn. Dat heescht, dass engersäits all d’Puzzle-Deeler misste passen an anerersäits, dass et eng variabel Wiederlag wier an och bleift. Bei dëse variabele Wiederlagen dauert et ni laang, bis erëm méi mëll Loftmassen an d’Spill kommen a soumat déi kuerzzäiteg wanterlech Entwécklungen erëm séier verschwanne loossen.

Wat ech soe wëll: Trotz de puer Flacken, déi momentan an de Kaarten ze fanne sinn, gesäit et hisiichtlech enger nennenswäerter Schnéicouche aktuell net esou optimistesch aus. Et ass, fir de Moment, nach ze vill Beweegung an der Geschicht. Mol kucke, wéi sech dat iwwert déi nächst Deeg wäert veränneren.