Endlech: Wiedermodeller gesi no laanger Zäit erëm nennenswäerte Reen

De virausgesoote Wiederëmschwong réckt ëmmer méi no. Spéitstens no der Kalfront, déi eis an der nächster Nuecht vu West no Ost passéiert, ass mat signifikanten Ënnerscheeder am Géigesaz zu leschter Woch ze rechnen.

De Wiederchangement huet, wéi gesot, net nëmmen en entscheedenden Impakt op d’Temperature, mee och op d’Reewarscheinlechkeet. Fir déi éischte Kéier zanter enger laanger Zäit gesinn déi meescht Modeller mol erëm Reequantitéiten, déi och mol der Ried wäert sinn. Elo bleift just nach ze hoffen, dass des Berechnunge sech duerchgesat kréien.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis de Freidenowend spéit mat akkumuléierte Quantitéite vun tëscht 9 an 20 l/m². Dat meescht dovu soll laanscht den äusserste Weste vum Land falen, iwwerdeems awer och un der Musel Géigenden dobäi kënne sinn, wou ëm déi 10 l/m² zesummekomme kënnen. Den europäesche Modell ECMWF gesäit dat alles net vill anescht a rechent mat Quantitéite vun tëscht 5 a 15 l/m². Tendenziell soll och dësem Modell no de meeschte Reen an de westlechen Deeler vu Lëtzebuerg falen, iwwerdeems am Osten a Südosten e bësse manner dobäi wier.

Dass no laanger Zäit erëm gréisser Reequantitéite méiglech si, confirméieren och déi aner zwee Modeller (also op mannst mol déi, déi fir dëse Post/Artikel ausgesicht goufen). Dem franséischen ARPEGE no sollen tëscht 10 an 20 l/m² optriede kënnen, dem däitschen ICON no 7 bis 15 l/m². Den ARPEGE rechent groussflächeg mat gréissere Quantitéiten, den ICON gesäit erëm am Nordweste vum Land déi gréisst Warscheinlechkeet.