Eng kill Nuecht: Op dëse Plaze war et de Moien am keelsten

Wéi ugekënnegt, war déi vergaange Nuecht nawell eng zimmlech kill. Et si Minusgrade gemooss ginn.

Advertisement

An den Däller war et am keelsten

Wéi et ze erwaarde war, sinn déi nidderegst Wäerter an der vergaangener Nuecht resp. haut de Moie fréi an den Däller opgetrueden. Op déi éischt Plaz kënnt d’ASTA-Wiederstatioun vu Schëmpech mat -1,6 Grad. Hannendrun ass d’ASTA-Statioun vun Ueschdref mat -1,4 Grad, nëmmen e bësse méi mëll war et un ASTA-Statioun zu Breedelt mat genee -1 Grad. Un der Kachelmann-Statioun zu Béiwen um Stau ass et esou just net fir -1 Grad duergaangen, 0,9 Grad goufe gemooss.

D’Wäerter vun allen anere Statiounen am Land louche gréisstendeels bei tëscht knapp 2 a 6 Grad. Eng ënnerduerchschnëttlech kill Nuecht fir Mëtt Mee, kënnt statistesch gesinn awer ëmmer erëm mol vir.

Source vun den Donnéeën: ASTA, Kachelmannwetter