Och déi vergaange Nuecht war eng richteg kill. Dës Kéier ass den Thermometer zu Ell am déifste gefall, weider Géigende kucke mir eis elo un.
Wou war et am keelsten?
An der virleschter Nuecht war et d’ASTA-Statioun zu Ueschdref, un där et mat genee -17°C am keelste war. An der vergaangener Nuecht war et zwar och immens kal, mee net méi grad esou.
Hei sinn d’Top-10:
- Ell (Kachelmannwetter): -15,9°C
- Useldeng (ASTA): -15,4°C
- Mamer (ASTA): -15,3°C
- Bettenduerf (ASTA): -14,7°C
- Guedber (ASTA): -14,1°C
- Käerch (ASTA): -14,1°C
- Biereng (ASTA): -13,9°C
- Béiwen (Kachelmannwetter): -13,8°C
- Ettelbréck (ASTA): -13,7°C
- Schëmpech (ASTA): -13,6°C
Donnéë-Quell: ASTA, Kachelmannwetter
Déi nächst Nuechte fale net méi esou kal aus, well eis däitlech méi mëll Loftmassen erwaarden. Bis muer de Moie 6 Auer kënnen erëm tëscht 3 a 6 Grad erreecht ginn.