Eng Woch no déidlechem Stuerm: Madagaskar preparéiert sech op Zyklon BATSIRAI

Virun enger Woch eréischt war den Zyklon Ana iwwer Deeler vu Südafrika ewechgezunn, dorënner Madagaskar. Elo steet de nächste katastrophale Stuerm virun der Dier. Titelbild: AP

Keng Zäit fir opzeotmen

Eréischt d’lescht Woch war den Zyklon ANA iwwer Deeler vu Südafrika ewechgezunn. Um Méinden, 31. Januar 2022, ass de Stuerm mat sengem Kär bei Angoche am Mozambique u Land gaangen an huet soumat och Malawi a Madagaskar erwëscht.

Am Mozambique sinn op mannst 15 Persounen ëm d’Liewe komm, iwwerdeems méi wéi 45.000 Mënsche vun de Folge vun dësem Stuerm betraff waren. Malawi huet 11 Doudeger ze bekloen, hei huet de Stuerm 217.000 Leit betraff. Net nëmmen de Wand war hei e Problem, mee och den zolitten a laang unhalende Reen. Kleng Flëss sinn iwwergelaf an hu ganz Géigenden iwwerschwemmt an zum Deel matgerappt, ënnert anerem och duerch Äerdrutschen.

Zyklon BATSIRAI ass um Wee

Eng Woch duerno lauert erëm Gefor: iwwert dem indesche Mier huet sech de 27. Januar den Zyklon Batsirai forméiert, dee sech séier weiderentwéckelt a verstäerkt huet. Schonn no e puer wéinege Stonnen war d’Intensitéit vum Stuerm mat engem Hurrikan vun der drëtter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala gläichzestellen. De Stuerm ass virgëschter um Mëttwoch als Equivalent vun engem Kategorie 5-Hurrikan (Mëttelwand: 233 km/h, Spëtzten: 282 km/h) knapp nërdlech u Mauritius laanschtgezunn an hat op der Héicht vu Réunion ëmmer nach d’Stäerkt vun engem Hurrikan vun der véierter Stuf.


Déi aktuell Positioun vum BATSIRAI mam weidere Parcours | Grafik: Wunderground

De Moment ass de BATSIRAI ëmmer nach e staarken Zyklon mat enger Intensitéit wéi en Hurrikan vun der véierter Stuf an zitt riicht op d’Ostküst vu Madagaskar duer. Um fréie Samsdemoie soll den zolitte Stuerm mat Wandvitesse vun iwwer 200 km/h mat sengem Aen iergendwou am Beräich Nosy Varika, Ampanotoana & Mahanoro u Land goen – den Aflossberäich wäert natierlech vill méi grouss sinn. Insgesamt wäert bal déi ganz Südhallschent vun der Insel zolitte Wand an extreme Reen ze spiere kréien.

Iwwert de Weekend méi wéi 500 l/m² méiglech

Den aktuelle Laf vum europäesche Wiedermodell ECMWF berechent fir déi betraffe Gebitter tëscht 60 an deels 150 l/m² Reen déi de Weekend iwwer an den Ausleefer vum Stuerm erofkomme sollen, méi no um Zentrum sollen et awer deels iwwer 600 l/m² sinn. Och den däitschen ICON ënnerstëtzt dës Simulatioun a gesäit e Peak vu ronderëm 580 l/m². Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass mat bis ëm 470 l/m² ënnerwee an den australesche Modell gesäit deels wäit iwwer 500 l/m² op de Südoste vun der Insel duerkommen.

Egal wéi e Modell, dëst sinn apokalyptesch Aussiichte fir Madagaskar.