Ënnerstëtzung fir d'Weiderentwéckelung vun der App

Hëlleft eis, Iech ze hëllefen

D’Météo Boulaide App war bis ewell e groussen Erfolleg a leeft an Tëschenzäit op méi wéi 12.000 Geräter. An Tëschenzäit hu mir vill Feedback gesammelt, deen et elo heescht, ëmzesetzen. Domat ginn awer och erëm immens grouss Käschte fälleg. Zil ass et, am Fall vun Onwiederlagen vill besser an effizient ze warnen – dass ëmmer nach vill Leit vu Naturkatastrophen iwwerrascht ginn an zu groussem Schued kommen ass inakzeptabel. Iwwer dës Säit kënnt Dir Météo Boulaide fräiwelleg bei dësem Virhunn ënnerstëtzen.


Folgend Iddien, déi och duerch Äre Feedback komm sinn, sollen a Realitéit ëmgesat ginn:

  • Direkte Link op de besoten Artikel beim Tippen op eng Pushnoricht.
  • Funktioun fir unzewielen, wéi eng Zort vu Push-Norichten bei Iech um Handy ugewise ginn (z.B. nëmmen d’Artikelen an/oder nëmmen d’Warnungen, etc.).
  • De Facebook-Tab gëtt duerch e Formular ersat, mat deem Dir Wiederphänomener melde kënnt – mat an/oder ouni Foto.
  • Weider intern Ännerungen, déi zur Verbesserung vum Déngscht bäidroen (fir dass ech z.B. de Site am Fall vu Warnunge méi séier update kann).
  • Performance-Problemer behiewen.

Eis Ënnerstëtzer-Stufen: