Erëm eng kill Nuecht: Op dëse Plaze war et de Moien am fraschtegsten

E sougenannte “Kaltlufttropfen” matten iwwer Däitschland huet de Moien erëm fir fraschteg Temperaturen zu Lëtzebuerg gesuergt.

Advertisement

Haaptsächlech an den Däller am Norden…

…war et de Moien am keelsten. De nidderegste Wäert hate mir un der ASTA-Statioun zu Breedelt mat 0,1°C. Direkt hannendru kënnt d’ASTA-Statioun vu Schëmpech mat 0,5°C, net wäit ewech vun de 0,7°C déi d’ASTA-Statioun vun Ueschdref gemooss huet. Zu Béiwen um Stauséi ass et mat 1,8°C zwar och net fir Loftfrascht duergaangen, zimmlech kill fir d’Joreszäit war et awer trotzdeem.

Buedemfrascht hate mir awer e puer mol hei am Land, ënnert anerem -1,3°C zu Béiwen, -0,5°C un der ASTA-Statioun zu Housen, genee 0°C un der Kachelmann-Statioun zu Wolz a 0,7°C un der ASTA-Statioun zu Reiler.

Am Rescht vum Land louchen déi nidderegst Lofttemperaturen tëscht 3 a 6°C, am Südoste ware mir esouguer lokal bei knapp méi wéi 7°C ënnerwee.

Source vun den Donnéeën: AgriMeteo, Kachelmannwetter