Erënnerung: Haut ass plazeweis mat Glëtz ze rechnen

Wéi um Samsde schonn matgedeelt, erwaart eis haut um Méinden eng Zäitspaan an där et zu Glëtz komme kann.

Waarmfront suergt fir Risk vu Glëtz

Um Méindemëtte passéiert eis vu West no Ost eng Waarmfront. Waarm Loft ass méi schwéier wéi kill Loft – esou ka sech déi waarm Loft an der Héicht um Méinden iwwert déi kill Loft, déi mir bei eis um Buedem hunn, drécken. D’Resultat: trotz Temperature vu ronderëmt dem Gefréierpunkt bei eis um Buedem kann et reenen. Ingesamt soll et zu engem Gemësch aus Schnéi, Schnéireen a Reen kommen. Soulang de Buedem gefruer ass, ka sech all Drëps, déi um Buedem ukënnt, als Glëtz ofsetzen.


D’Entstéiung vu Glëtz schematesch duergestallt | Grafik: National Weather Service

Besonnesch tëscht 9 an 12 Auer soll et zur Haaptaktivitéit komme wat de Glëtz ugeet. Am weidere Verlaf vum Nomëtte besteet de Risk ëmmer nach, mee e fixéiert sech op däitlech méi lokal Standpunkter. No 17 Auer sollt eist Wieder net méi wanterlech sinn, d’Temperature leien däitlech am Plus. An der Héicht souwéi och bei eis um Buedem. Et si Wiederhiweiser aktiv.