ERNESTO: Ex-Tropestuerm trëfft britësch Inselen

Ët kënnt ëmmer rem vir, dass en ehemolëgen Hurrikan oder Tropestuerm de Wee a Richtung Europa aschloen a souguer nach op déi eng oder aner Küst treffen. Spéitstens vum Samsdemëtten un gëtt ët lëftëg a naass op de britëschen Inselen. Titelbild: NOAA

Ukonftszäiten a Wandvitessen (NOAA)

Wandfeld vum Ex-ERNESTO (ARPEGE, wxcharts.eu)

Lëftëg duerch Ex-ERNESTO

De post-tropësche Stuerm ERNESTO huet sech de 15. August um oppenen Atlantik, gutt 1.630 Kilometer vun den Azoren ewech, forméiert. Zanterdeem huet e sëch e bësse verstärkt an zitt mëttlerweil a Richtung Europa, respektiv britësch Inselen.

Waat ass ze erwaarden?

Vir et direkt ze soen, wärten d’britësch Inselen näischt aussergewéinlëches matmaache mussen. Wéi méi wäit uewe schon ugedeit, kënnt et méi oft vir, dass op eemol Ex-Tropestierm oder Ex-Hurrikanen virun der Dier stinn. Den Ex-ERNESTO wärt an éichter Linn staarke Wand bis Stuermstéiss bréngen. De Modellrechnunge no ass un der West-, Süd-, an Ostküst vun Irland mat Wandvitesse vu 50 bis lokal 60 km/h ze rechnen, an de Spëtzte ginn 80 km/h ereecht. Iwwer Land faalen d’Spëtzte net grad esou héich aus, ëm déi 60 km/h kënnen do gemooss ginn. Spéitstens an der zweeter Nuetshalschend op de Sonndë gëtt ët och am Süde vun England lëftëg: Spëtzte vu 60 km/h a schauerartëg verstärkte Reen wärte vir éichter hierschtlëcht Wieder suergen.

Waat de Reen ugeet wärte just punktuell gréisser Zommen ereecht ginn, well de System awer relativ séier virunzitt. Un der Westküst vun Irland ass punktuell mat 40 l/m² ze rechne, soss sollten awer duerchschnëttlëch 20 l/m² eroofkommen. Och England wärt mat ähnleche Quantitéiten ze di kréien: Meechtens ass mat ëm 15 bis 20 l/m² ze rechne, just punktuell a lokal begrenzt kënne mol 50 l/m² zesummekommen.

De leschte markanten tropësche Wirbelstuerm, deen et bis wäit an de Weste gepackt huet, war den Hurrikan CHRIS. Dësen haat sëch de 15. Juli 2018 südlech vun Island ausgeblosen. Den Artikel dozou kënnt Dir hei noliesen.

Dir wëllt méi iwwer aktuell tropësch Wirbelstierm erausfannen? Da kuckt emol ënner hurricanes.gov laanscht.