Et ass 12 Joer hier: En hallwe Meter Schnéi zu Lëtzebuerg

Virun 12 Joer hate mir net nëmme wäiss Chrëschtdeeg iwwerall, mee kuerz virdru louche plazeweis 50 cm Schnéi - an der belscher Äifel esouguer iwwer 70 cm.

Titelbild: Ohann Groder

En hallwe Meter Schnéi zu Lëtzebuerg

Virun allem déi méi jonk ënnert eis hunn 2010 wéinst dem ville Schnéi nach immens gutt an Erënnerung. Schoule waren zou, et si keng Busser méi gefuer – en Zenario, deen eng zimmlech Raritéit ass.

Ronderëmt de 24. November 2010 hat et ugefaange wäiss ze ginn, mee mir sinn net riicht op déi immens grouss Schnéiquantitéiten duergaangen. Dat huet e bësse gedauert: Den éischten Zentimeter Schnéi ass um fréie Moie vum 26. November gemooss ginn, dat um Findel. Leider ass d’Rei vun den Donnéeë fir déi ganz Schnéiperiod net komplett. Bis de 15. Dezember 2010 huet d’Schnéicouche ëmmer erëm mol staark variiéiert, un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht huet et tëscht 5 an zäitweis 12 cm Schnéi hin an hiergeschwankt.

De Wee a Richtung éischt 30 cm

Den zweeten a méi markante “Stouss” u kräftegem Schnéifall gouf et vum 16. Dezember 2010 un. Moies waren et 2 cm um Findel, den Dag drop 13 cm. Op de Koppe vum Land louchen zu dësem Zäitpunkt schonn gutt 15 bis 23 cm Schnéi, wéi een et den Donnéeën aus dem noen Ausland enthuele kann. An der belscher Äifel sinn schonn 36 bis 48 cm gemooss ginn, dat un de Statiounen Elsenborn & Mont-Rigi. De 19. Dezember war et dunn esouwäit: D’Statioun um Findel huet 34 cm Schnéi gemooss, zu Dasburg direkt un der Grenz zu der Nordspëtzt vu Lëtzebuerg sinn 33 cm gemooss ginn.

50 cm Schnéi am Norden

Um fréie Moie vum 20. Dezember 2010 huet d’Statioun Mont-Rigi 74 cm Schnéi gemooss, Elsenborn 53 cm. Um Findel waren et nach 32 cm & op den héchste Koppe vum Land sinn tëscht 40 an eppes iwwer 50 cm gemooss ginn. Ech selwer hat deemools an der Gemeng Bauschelt per Moossband en hallwe Meter Schnéi gemooss. D’Schoule sinn deemools, esou kuerz virun der Chrëschtvakanz, zoubliwwen. Am Stroosseverkéier ass et immens lues virugaangen: Busser an och Autoe waren an den Hiwwelen hänke bliwwen, Beem sinn duerch d’Laascht vum Schnéi an d’Stroosse gefall. Fir d’Kanner war et e richtegen Dram vun engem Wanter.


E perséinlechen Androck vun deemools, 19. Dezember 2010

Och wäiss Chrëschtdeeg

An den Deeg drop ass d’Schnéicouche e Stéck zréckgaangen. Un Hellegowend a Chrëschtdag 2010 selwer hunn awer erëm méi kill Temperaturen agesat, wouduerch sech de Schnéi och nach iwwer d’Feierdag hale konnt. U Chrëschtdag selwer hat de Findel nach 26 cm Schnéi do leien – virun allem, well et un Hellegowend selwer nach eng Kéier gutt geschneit haat. Iwwert den Hellegowend selwer bis an de 25. Dezember eran ware 19 cm Neischnéi erofkomm. Och op de Koppen am Norde ware mir erëm verbreet bei 30 cm. Och u Silvester louche nach tëscht 10 a 25 cm Schnéi zu Lëtzebuerg.

De leschte Wanter mat wierklech vill Schnéi féiert also op deen vun 2010 zréck. Zanterdeems gouf et ni méi sou eng kompakt flächendeckend Schnéicouche, net nëmmen am ganze Land mee iwwer groussen Deeler vu Mëtteleuropa verdeelt. An Däitschland gouf et beispillsweis keng eenzeg Wiederstatioun un där kee Schnéi louch. Vum déiwe Süde bis erop un d’Küste war et wäiss.