Et bleift naass: D’Nidderschlagsquantitéite bis de Mëttwoch inclus

Den déiwe Loftdrock bleift eis erhalen. An de nächsten Deeg gëtt et ëmmer erëm naass – dat a Form vu Schnéi, Schnéireen an och mol Reen.

Et bleift ëmmer nach naass

No de knapp 25 l/m² am Nordweste vum Land an éischter “klenge” Reequantitéite vun tëscht 4 an 8 l/m² am Südoste vum Land muss ee soen, dass et och an de nächsten Deeg naass bei eis viru geet. Duerch déi polar Loftmasse wäert dëst net alles als Reen erofkommen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis de Mëttwoch inclus mat Reequantitéite vun tëscht 10 an 20 l/m², am Südosten soll am meeschten dovun erofkommen. Den europäeschen ECMWF ass mat 3 bis 8 l/m² dobäi an huet och am Südosten dat meescht an der Simulatioun.


D’Reequantitéite bis de Mëttwoch inclus dem europäeschen ECMWF no | Animatioun: wxcharts.com

De franséischen ARPEGE ass mat tëscht 6 bis 11 l/m² dobäi, de Westen an och Deeler vum Norde sollen am naasste ginn. Besonnesch eng Sträif vun der Stauséigemeng bis eriwwer op Veianen. Den däitschen ICON ass mat tëscht 7 an 10 l/m² dobäi an huet och am Westen de meeschte Reen dran, mee deelweis awer och am Südoste vum Land.

An der Moyenne wier also mat tëscht 6,5 an 12,25 l/m² ze rechnen.

Op de Koppe si bis de Mëttwoch nach tëscht 2 an deels 5 cm Neischnéi méiglech, jee no Modell erëm driwwer.