Et blëtzt no der Hëtzt: Donnerwiederlag e Sonnden an der Groussregioun

E Sonnde klëmmt den Thermometer wäit iwwer 30 Grad eraus, um Owend dréckt vu Westen hier eng Kalfront eran. D’Modeller si sech driwwer eenz, dass et iergendwou iwwer BeNeLux & dem Weste vun Däitschland zolidd soll kraachen.

Advertisement

D’Situatioun

Iwwert de Weekend mécht sech eng grouss Wiermt-Blos iwwer Mëtteleuropa breet, wat eis déi héich Temperature vu lokal bal 35 Grad bréngt. Am Laf vum spéidere Sonnden dréckt vu Westen hier eng Kalfront eran, un där et de Modeller no zimmlech sécher kraache soll. Direkt hannert de Wiedere géif déi waarm Loft verdrängt ginn, an trotzdeem soll et bis en Dënschden awer erëm méi oder manner waarm zu Lëtzebuerg ginn.

D’Agrenzung

Mir hunn zwar eréischt Freidenomëtten/Owend, mee d’Modeller schénge sech schonn fir e Risiko-Beräich entscheed ze hunn. En zitt sech vum zentrale Frankräich bis an de Norden eran, iwwer BeNeLux (mat Rand zu Namur) an duerno an de Westen a Nordweste vun Däitschland eran. Dës Kaart weist deen Beräich, wou de Risk vun de kräftegsten Entwécklungen am héchsten ass (Stand 07.07.2023 – 15:50 Auer). Et handelt sech heibäi awer ëmt eng Probabilitéits-Ugab a NET ëm d’Garantie, dass jiddereen am markéierte Gebitt en zolidd Donnerwieder ze gesi kritt.


Den Donnerwiederrisk e Sonnden aus momentaner Siicht | Grafik: meteoboulaide.com

Do wou se optrieden ass de momentan berechenten Zutate no virun allem mat Stuermstéiss ze rechnen, déi ënnert de kräftegsten Zellen definitiv mol méi wéi 100 km/h kënnen dropkréien. Staarkreen a Knëppelsteng sinn och méiglech, jee no Zell och mol a gréisserer Form.

Undeitunge vun den héichopléisende Modeller no besteet eng kleng Chance, dass de Schwéierpunkt vum Donnerwiedersystem ganz knapp nordwestlech un eis kéint laanschtgoen. Virun allem am Nordweste vum Land wier et dann awer “fir ze gräife no”. Mir Lëtzebuerger mussen de Sonnden also och den Himmel am Aen halen.

Nodeems de System de BeNeLux-Raum verlooss huet, ass ganz warscheinlech Nordrhein-Westfalen de Schwéierpunkt. Fir weider Détailer ass et awer nach ze fréi. Muer kënnt e weideren Update.