Et geet iwwerduerchschnëttlech waarem an de September eran

Virun e puer Deeg hunn ech an engem Artikel beriicht, dass sech d’Modeller nach net genee sëcher wieren iwwert de weidere Verlaaf. An Tëschenzäit hu se sech decidéiert – an et gesäit net gutt aus.

GFS 850 hpa Temperatur (wxcharts.eu)


Atlantik gläich rem blockéiert?

Et ass wéi verhext! Iwwer déi lescht Deeg huet sech méi déiwe Loftdrock iwwer Mëtteleuropa konnten duerchsetzen. Doduerch ass et op ville Plaatze, wou et scho laang net méi gereent huet, rem zu eenzelne Schauere komm. Domadden ass elo awer Schluss – scho gläich wärt rem Héichdrock dominéieren an den Atlantik gëtt méiglegerweis rem “blockéiert”. Sou gëtt et den Déifdrockgebitter extrem schwéier gemaach, vum Atlantik a Mëtteleuropa gezunn ze kommen.

Dëst huet folgend Auswierkungen: Et wärt rem däitlech méi waarem ginn. Am Laaf vum Ufank vum September wärt et Stéck vir Stéck méi waarem ginn, soudass op ville Plaatzen a ganz Mëtteleuropa verdeelt rem mat summerlechen Temperaturen ze rechnen ass. Modellrechnunge no kéint de September scho mol direkt iwwerduerchschnëttlech waarem iwwer d’Bühn goen. De Géigendeel hu mir bei de Nidderschléi: Et ass weiderhin, wéi mëttlerweil schon zanter dem Abrëll, mat ënnerduerchschnëttleche Nidderschlagsquantitéiten ze rechnen. Mat der Drëchent wärt et demnächst also och viru goen.

Spéitsummer a kaum Nidderschléi

Ab der zweeter Halschend vum Weekend klammen d’Temperature lues a lues rem un, zumools vum Méinden un gi se a gréissere Schrëtt rem biergop. Sou kënnen Ufanks der Woch rem Temperature vu bis zu 27 Grad ereecht ginn. Bis de 5. September ass et ganz wahrscheinlech, dass et esou bleift. Sonn a Wollécke wiessle sech gréisstendeels of, Nidderschléi si sou gutt wéi keng ze erwaarden.

Ab der moofer Linn, déi um Ensemble agezeechent ass, klëmmt eng kleng Onsëcherheet. Daat erkennt een och un de klenge Linnen, déi sech, waat den Zäitpunkt méi aal gëtt, ëmmer méi wäit vuneneen distanzéieren. Trotz deenen Onsëcherheete gesäit een awer, dass d’Temperaturen an engem stabile Beräich sinn a net all ze vill schwanke géife, wa se sech vir eng vun den 20 Méiglegkeeten entscheede géifen. Et ass, wéi et den aktuellen Date no schéngt, bis Mëtt September mat iwwerduerchschnëttlëch héigen Temperaturen ze rechnen. Domadde si Maximalwerter vu 24 bis 27 Grad am Dag gemengt, déi optriede kënnen. Et ass net méi mat enger grousser Hëtzt ze rechnen. Eng Wiederlag, bei där d’Temperaturen iwwer 30 Grad klamme kënnen, ass net a Siicht.

Et gëtt keng Hëtzt gebraucht, vir eng Drëchent auszeléisen oder virunzeféieren. E Reenmangel iwwer eng méi laang Zäit geet duer, an deen hu mir schon zanter Abrëll – daat zu méi a manner hëtzege Phasen. Um Ensemble ass ze gesinn, dass vum 4. September un bis de 14. September méi Nidderschlagssignaler ugewise ginn wéi soss. Et handelt sech dobäi awer nëmmen em eenzel Ausräisser, déi virun allem dann zoutreffen, wann eng vereenzelt Schauer oder e lokal begrenzt Donnerwieder optrëtt. Daat heecht souvill wéi: Op klengem Gebitt kann et zäitweis wuel naass ginn, mee gläichzäitëg ass et wéineg Kilometer weider komplett drëchen. Am Fall vun engem Schlued ass mat kenge grousse Quantitéiten ze rechnen – et geet bei wäitem net duer, vir d’Drëchent op en Enn ze bréngen.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)

Wahrscheinlechkeeten unhand vun Ensemblen erausfannen

En Ensemble besteht aus engem Haaptlaaf souwéi och engem Kontrolllaaf vun engem bestëmmte Modell (an dësem Fall GEFS). All déi aner Linnen déi ofgebild sinn, si sougënannt “Memberen”, also aner méigleg Léisungen. Vun deene Léisunge ginn et beim GEFS 21 verschiddener. Vir et liicht ze erkläre kann ee soen, dass all Member eng Meenung duerstellt. Ginn déi eenzel Linne (Memberen / Meenunge) wäit auserneen, ass d’Prognos vir deen Zäitraum als méi onsëcher oder och als ganz onsëcher anzestufen. Si se awer all no beienee, besteht eng grouss Averständnis. Soumadden ass d’Antreffe vun enger bestëmmter Wiederlag ganz wahrscheinlech.