Zanter der leschter Woch hate mir eis d’Thema Donnerwieder fir dës Woch ëmmer erëm ugekuckt. Elo ginn d’Modeller méi konkret an et kéint nawell méi kräfteg zougoen.
D’Situatioun
Bis en Donneschde mat leie nach gréisstendeels héichsummerlech Loftmassen iwwert eise Käpp, déi awer vun e Freiden un ëmmer méi wäit an den Oste verdrängt ginn. Hannendru gëtt Plaz gemaach fir méi kill Loftmassen, déi eis e markanten Temperaturréckgang wäerte bréngen.
En Donneschde forméiert sech am Virfeld vun enger Kalfront, déi eis e Freiden/an der Nuecht op de Samsde wäert passéieren, eng Konvergenzzon. Un dëser Konvergenzzon sinn d’Loftmasse gezwongen sech ze hiewen, wat an der Entwécklung vun deels kräftege Schaueren an Donnerwieder resultéiert. Dëst geschitt net explizit iwwer Lëtzebuerg, mee iwwer gréisseren Deeler vun der Groussregioun.
De viraussiichtleche Verlaf
Nach ass net alles an dréchenen Dicher, mee déi aktuell Iddi vun de Modeller beseet, dass et am Laf vum Donneschde no a no zimmlech schmeier gëtt. Déi besot Konvergenzzon leet sech ëmmer méi iwwert eis an dann wier vum spéideren Owend un mat Entwécklungen südwestlech a westlech vun eis ze rechnen. Den europäesche Modell ECMWF gesäit an der zweeter Nuetshallschent (also op e Freiden) eng Donnerwiederfront vu West no Ost duerchzéien.
Dem Super-HD Modell vum Kachelmann no géife sech schonn am Laf vum fréie Nomëtten déi éischt eenzel Zellen an eiser Groussregioun forméieren, ier d’Aktivitéit vum spéidere Nomëtten un ëmmer méi géif zouhuelen. Bis an déi zweet Nuetshallschent wier dann mat Donnerwieder ze rechnen, a Richtung Freidemoie géif et dann awer erëm méi roueg ginn. Den däitschen ICON-Modell ass änlecher Meenung.
Dir mierkt: Déi zwee Modeller gesinn dat Ganzt, haaptsächlech wat d’Zäit ugeet, nach zimmlech ënnerschiddlech. Déi genee Détailer mussen also nach ofgewaart ginn, mee et ass awer gewosst, dass et vum Donneschdenowend un bis an déi zweet Hallschent vun der Nuecht op e Freide ka kraachen.
D’Intensitéite kann een och nach net esou richteg agrenzen, mee sollt et wierklech iwwer Lëtzebuerg kraachen, dann wieren déi üblech Verdächteg erëm dobäi – nämlech de Risk vu Stuermstéiss, Staarkreen an och Knëppelsteng.
Météo Boulaide hält Iech weiderhin um Lafenden.