Et gëtt méi waarm: Temperaturënnerscheed vun 10 Grad an Aussiicht

Déi niddereg Temperature vun de Moment wäerten e ganz abrupt Enn fannen. De Méinden erwëschen eis däitlech méi waarm Loftmassen, déi fir e kuerze Moment näischt méi mat Wanter ze dinn hunn.

Titelbild: Temperaturanomalien an 1,5 km Héicht, dat mat gutt 8 Grad iwwer Lëtzebuerg | wxcharts.com

Ännerung vun der Grousswiederlag

De Moment kënnt d’Keelt nach wäit an de Süde vun Europa virun, mee dat wäert geschwënn änneren. Iwwert dem Atlantik ass sech amgaangen, e kräftegt Déifdrockgebitt a Richtung Brittesch Inselen ze beweegen. Dëst Déif gehäit d’Keelt vun heiheem quasi vun de Been, fir dass et sech dann och fir eng kuerz Zäit duerchsetze kann. Et grätscht vu Westen eran, wouduerch eng abrupt Temperaturännerung stattfanne wäert. Geschéie soll dat Ganzt schonn vum spéidere Sonndenowend un, haaptsächlech awer um Méinde selwer. Temperaturënnerscheeder vun 10 Grad si méiglech.


Déifdrockgebitt schëppt eis däitlech ze waarm Loftmassen op Lëtzebuerg | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

De Verlaf

Fir de Sonnde stinn nach Fréitemperature vun tëscht -8 a -6 Grad an de Modeller, dagsiwwer klëmmt den Thermometer net méi héich wéi op -1 bis 2 Grad. Bis op e puer wéineg Plazen ass de Sonnden also en Dag mat Dauerfrascht. Um fréie Méindemoie leien d’Temperaturen dem momentane Stand no schonn bei tëscht 3 a 5 Grad, tëscht 4 a 7 Grad sollen am Nomëtten als Maximum erreecht ginn.

Fir den Dënschde stinn tëscht 9 an 12 Grad um Programm, de Mëttwoch stinn 8 bis 13 Grad zur Optioun. Vum Donneschden u kann d’Keelt dann schonn erëm d’Iwwerhand kréien – dozou awer eng aner Kéier méi.