Ier et an der nächster Woch däitlech méi waarm gëtt, sinn de Weekend iwwer immens kill Nuechten ze erwaarden.
D’Grousswiederlag
Wéi Dir et fläit schonn aus dem Artikel vu virdru matkritt hutt, mécht sech de Moment en Héichdrockgebitt bei eis breet. Duerch dëst kann et an de nächste Nuechten déif an de Keller goe mat den Temperaturen. Duerch d’Héichdrockgebitt hu mir et, bis op Niwwel dee fréiert, mat kenge nennenswäerte Nidderschléi ze dinn. Schneie wäert et also net.
De Verlaf
Fir déi nächst Nuecht gesinn d’Modeller Déifstwäerter vu gréisstendeels tëscht -8 a -4 Grad op eis duerkommen, fir eenzel Flecken am Land kënnen deemno wéi och ëm -11 Grad net ausgeschloss ginn. Et gëtt also egal wéi eng kill Nuecht. D’Nätzt an de Stroossen duerch de geschmoltene Reen kann also erëm fréieren, wouduerch d’Gefor vu glate Stroossen erëm besteet.
Vun den Temperaturen hier kéint d’Nuecht op e Samsden awer méi markant ausfalen. D’Modeller rechne mat engem Minimum vun tëscht -12 a -6 Grad, punktuell sinn ëm -15 Grad net ausgeschloss. Geet et beispillsweis dem brittesche Modell no, dann hätte mir am Raum Schëmpech bal -20 Grad ze erwaarden. Dat wier “Wanter wéi fréier”, wéi verschiddener elo géife soen.
D’Nuecht op e Sonnde kéint änlech ginn, dozou awer deemnächst méi.