Et gëtt spannend: 2022 kéint dat wäermst Joer zanter Opzeechnungsufank ginn

Deemno wéi sech de November an den Dezember verhalen, kéint d'Joer 2020 geschwënn net méi als wäermst Joer zanter Opzeechnungsufank gëllen.

2020 ass bis ewell (nach?) dat wäermst Joer zanter Opzeechnungsufank

Nach ass 2020 op der éischter Plaz wat déi wäermst Joeren zanter Opzeechnungsufank am Joer 1947 um Findel ugeet. De November & Dezember 2022 entscheeden awer elo driwwer, ob 2022 dat alles iwwertreffe wäert oder net.

Wéi de staatleche Wiederdéngscht den Donneschdenowend matgedeelt huet, ass d’Joer 2022 bis dato nëmme 0,1 Grad manner waarm wéi d’Joer 2021 deemools zur momentaner Zäit – domat ass jeeweils fir déi zwee Joer d’Zäitspaan vu Januar bis Oktober gemengt. Dat heescht also, dass et ganz an der Hand vum November & Dezember läit, ob d’Joer 2022 dat zweetwäermst oder eventuell esouguer dat wäermst Joer zanter Opzeechnungsufank am Joer 1947 gëtt.

<
Donnéeën: MeteoLux | Grafik: Météo Boulaide

Op dëser Grafik gesitt Dir déi lescht 3 Joer mateneen verglach – 2020 ass jo dat bis ewell wäermst Joer zanter Opzeechnungsufank, 2021 ass méi oder manner normal ausgefall an 2022 geet et erëm a Richtung Rekord. Eng perfekt Mëschung also. Déi rout Linn stellt dann och nach déi allgemeng Moyenne aus der rezenter Referenzperiod (1991-2020) duer. All Mount, deen also iwwert der router Linn ass, ass ze waarm.