Et schléit erëm ëm: E Mëttwochowend geet eng naass Zäit un, >50 l/m² méiglech

Vum spéidere Mëttwochnomëtten un kënnt aus Westen erëm groussflächege Reen op eis duer, deen eis dann bis Enn der Woch ëmmer erëm wäert beschäftegen. Wéi gëschter schonn gesot, kënnen dobäi markant Quantitéiten optrieden. En Update.

Advertisement

Eng naass Zäit steet un

An dëser neier Wiederwoch gëtt et esou munches am Aen ze halen. Net, well eis eng immens schlëmm Situatioun usteet – mee einfach, well se awer méi interessant ass wéi dat wat mir an de leschte Woche gesinn hunn. An dësem Artikel befaasse mir eis an éischter Linn mam Reen, deen eis vu muer den Owend un erëm beschäftegen an den een oder aneren och wäert nerven.


D'”Ëmstellung” ass kaum ze iwwersinn | Animatioun: wxcharts.com

De Grond dofir ass deen, dass eis Stäip, de liichten Héichdrockafloss, esou lues nogëtt. D’Déifdrockgebitter iwwert dem Atlantik notzen dës Chance och a wäerte sech esou deemnächst däitlech méi kënne bei eis weisen. E Mëttwochowend mécht eng Kalfront den Ufank, duerno bleift et bis Enn der Woch inclus zimmlech variabel an et gëtt ëmmer erëm naass.

Wéi vill Reen kann dann erofkommen?

Wa mir d’Modellkaarte bis e Sonnden inclus esou kucken, dann hu mir virun allem de schwäizer Modell MRF, deen vu Kachelmannwetter entwéckelt gouf, deen déi héchst Quantitéiten op eis duerkomme gesäit. En ass der Meenung, dass et zumools am Südweste vum Land op Quantitéite vun tëscht 50 a knapp 80 l/m² kéint erauslafen, wat dann awer schonn zimmlech markant wier. Vun der Nordspëtzt hier laanscht den Osten bis ganz an de Südosten wier am mannsten dobäi, “grad emol” bis 40 l/m² stinn dësem Modell no zur Optioun.


D’Berechnunge vum franséische Modell ARPEGE, deen e bëssen d’Mëttelmooss vun den aneren ugekuckte Modeller gesäit | Grafik: wxcharts.com

Direkt hannendrun huele mir awer dann och d’Meenung vum däitschen ICON-Modell, deen zwar och vill Reen gesäit, mee manner wéi den aneren. De Gros vum Land hätt tëscht 30 a 50 l/m² ze erwaarden, just ganz am äusserste Westen a Südwesten kéinte knapp 60 l/m² dobäi sinn. Eisen europäesche Modell mécht kee groussen Ënnerscheed, ganz am Südosten soll et dësem no mat 25 l/m² e gudden Tick manner naass ginn. Den amerikanesche Modell ass erëm méi wéi den däitschen ënnerwee an hätt gären bis zu 60 l/m² laanscht de Westen, soss wieren et meeschtens bis zu 40 l/m².

Mir sollten also den aktuelle Berechnunge no duerch d’Land verdeelt bei meeschtens tëscht 25 a 50 l/m² erauskommen, deemno wéi awer och e bëssen driwwer. Villes huet domat ze dinn, wéi genee d’Déifdrockgebitter mat hire Kären zéien. Mat dobäi ass nämlech och e Randdéif – an dës sinn ëmmer eng gréisser Erausfuerderung. Déi naasst Stonnen erwaarden eis vum Mëttwochowend un bis den Donneschden inclus. D’Deeg duerno brénge nach e puer Schauere mee kee flächendeckenden a laang unhalende Reen.