Eta-Aquariiden: Stäreschnäizen dës Nuecht

Vum 19. Abrëll bis den 28. Mee sinn d’Eta-Aquariiden aktiv. An dëser Period kann een also méi oft wéi soss Stäreschnäizen um Himmel gesinn.

Maximum an dëser Nuecht

An dëser Nuecht gëtt bei eis de Maximum vun dësem Meteorstroum erwaart. Ët kënne bis zu 50 Stäreschnäizen an der Stonn optrieden, demno wéi och e puer méi. D’Observéieren dierft kee gréissere Problem sinn, dës Nuecht soll ët nämlëch opklären.

Daat eenzegt, waat beim Kucke stéiere kéint, ass de Mound. Dëse geet um 01:17h a Richtung Ostsüdost op, genee do, wou och de Radiant vun den Eta-Aquariiden läit. De Radiant ass dee Punkt um Himmel, wou d’Stäreschnäizen hierzekomme schéngen.

Laange Schweif hannert de Schnäizen

Opgrond vum flaache Wénkel, an deem d’Partiklen an d’Ärdatmosphär andréngen, ass de Schweif vun de Stäreschnäizen oft opfaalend laang. D’Ärd flitt duerch d’Stëbswolléck vum Koméit 1P/Halley, wouduerch d’Stäreschnäizequantitéit an dësen Deeg däitlëch zouhëllt. Déi nächste Kéier wou d’Ärd duerch déi selwecht “Stëbswolléck” schwieft ass am Oktober. Da kënne mir d’Stäreschnäizen ënnert dem Numm “Orioniden” beobachten.