Europa: Et war de wäermsten Oktober zanter Opzeechnungsufank

Wéi de Klimawandeldéngscht Copernicus matdeelt, war den Oktober 2020 de wäermsten zanter Opzeechnungsufank am Joer 1979.

Den Oktober war schonn erëm ze waarm

Dem Copernicus-Klimawandeldéngscht no war den Oktober 2020 op Europa gekuckt de wäermsten zanter Opzeechnungsufank, weltwäit gesi war et den drëtt-wäermsten. Dëst geet aus Donnéeën ervir, déi bis op d’Joer 1979 zréckginn. Op Europa gekuckt war et virun allem am Oste vum Kontinent iwwerduerchschnëttlech waarm, iwwerdeems et awer am Südwesten en Tick méi kill wéi soss war. Op dat weltwäit Bild gekuckt hu grouss Deeler vun der Arktis erausgestach, mee och Géigenden am Tibet. D’Temperature waren däitlech iwwert dem Duerchschnëtt vun den Donnéeën, déi wärend der Referenzperiod vu 1981 bis 2010 gemooss si ginn. Den Oktober 2020 war weltwäit gesinn ëm 0,69 Grad ze waarm. Och a Punkto Kryosphär ass de Wëssenschaftler opgefall, dass di duerchschnëttlech Ausdeenung vun den Äisflächen an der Arktis nach ni sou geréng ausgefall ass wéi am Oktober vun dësem Joer.


D’Auswäertung vum Oktober 2020 grafesch duergestallt | C3S/ECMWF

All dës Donnéeë ginn aus enger Moossrei ervir, déi zanter 1979 gefouert gëtt. Mat abezu ginn Donnéeë vu Satellitten, Fligeren, Wiederballonen a Wiederstatiounen op der ganzer Welt. 1979 ass nach net esou laang hier, den US Wieder- a Klimadéngscht NOAA verëffentlecht hir Oktoberanalys och geschwënn. D’NOAA kuckt op eng Moossrei vun zanter 1880 zréck, wouduerch dës Analys viraussiichtlech däitlech méi aussoe wäert. Mat de Rekorder vun dësem Joer aus dem Januar, Mee, September an och elo Oktober ass 2020 amgaang, dem Hëtzt- Rekordjoer 2016 méi no ze kommen. Deemols louch déi weltwäit Duerchschnëttstemperatur vun Oktober 2015 bis September 2016 ëm bal 1,3 Grad iwwert de Wäerter, déi wärend der virindustrieller Zäit gemooss si ginn. Am Klimaschutzofkommes vu Paräis ass eng maximal Grenz vun 1,5 Grad festgeluecht.