Europäesche Laangzäitmodell: Summer 2023 erëm däitlech ze waarm & ze dréchen

Déi nei Berechnunge vum europäesche Laangzäitmodell gesinn och dëst Joer en däitlech ze waarme Summer op eis duerkommen.

Advertisement

Déi nei Berechnunge sinn eraus

Déi neist Berechnunge vum europäesche Laangzäitmodell sinn do! Ganz resuméiert kann ee soen, dass dëse Summer dësem Modell no erëm däitlech ze waarm wäert ausfalen. Och wat de Reen betrëfft misst ee sech op weider méi laang Drécheperioden astellen. Och wann dësen Zenario, baséierend och op de leschte Joren, zimmlech warscheinlech ass, sollt een drun denken dass dëst eng Laangzäitberechnung ass an et sech net ëmt eng Prognos handelt.

Juni 2023

Kaarten: EFFIS/ECMWF

Fir de Juni gëtt berechent, dass eng Temperaturanomalie vun tëscht 2 bis hin zu 2,5°C kéint optrieden. Dat bedeit, dass d’Klimamoyenne fir e Mount Juni ëmt déi genannt Wäerter kéint iwwertraff ginn, wat uerdentlech wier. Parallel dozou soll eis och weiderhin e nennenswäerte Reendefizit ustoen, bis ëm 40 l/m² kéinten eis am Endeffekt feelen.

Fir ze vergläichen: Un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel gëtt an engem Juni eng Temperaturmoyenne vu 16,7°C gemooss, dobäi reent et normalerweis 73 l/m².

Juli 2023

Kaarten: EFFIS/ECMWF

Am Juli läit d’Temperaturmoyenne um Site vum staatleche Wiederdéngscht um Findel bei 18,7°C, iwwerdeems 72,1 l/m² Reen vum Himmel kommen. Sollten déi neist Berechnunge vum europäesche Laangzäitmodell richteg leien, da kéint d’Temperaturmoyenne ëm 1,5 bis 2° iwwertraff ginn. Wat de Reen betrëfft géif sech den Defizit am Verglach zum Juni e bësse leeën, et kéint tëscht 5 an 10 l/m² manner wéi soss reenen.

August 2023

Kaarten: EFFIS/ECMWF

D’Temperaturanomalie fir den August ass net méi grad esou markant, an awer soll de Mount dem Modell no iwwerduerchschnëttlech waarm ausfalen. Gutt 1,5°C kéint et ze waarm ginn, dat bei enger eigentlecher Moyenne vun 18,4°C. Reenméisseg géif de Nidderschlagsdefizit sech weider entschäerfen, der Modellrechnung no soll et normal vill reenen – et géif sech dobäi also ëm duerchschnëttlech 71,9 l/m² handlen.