Ex-Hurrikan DORIAN d’nächst Woch op eise Wiederkaarten ze gesinn

Et kënnt oft vir, dass Hurrikanen, déi un d’US-Ostküsten treffen oder dolaaschtzéien, iergendwann a Richtung Europa zéien. Och beim DORIAN ass dat de Fall.

Den DORIAN gëtt vum Jetstream opgeholl

Den Hurrikan DORIAN huet sech an de leschten Deeg nëmme ganz lues virubeweegt. Iwwerdeems en iwwert déi nordwestlech Bahamainselen ewechgezunn ass, war e souguer eng Zäitche quasi-stationär. Demnächst wäert dat awer änneren: De Stuerm zitt nach bis de Sonndenowend un amerikaneschem Festland laanscht, ier de System vum Jetstream opgeholl gëtt. Doduerch wäert sech den DORIAN zimmlech séier a nordëstlech a spéider an ëstlech Richtunge beweegen.

Ier et awer esouwäit ass, sinn un de Küste vu North Carolina an eventuell nach den äusserste Südoste vu Virginia nach gemëttelt Wandvitesse vun 150 bis 170 km/h a Wandstéiss vun 180 bis knapp iwwer 200 km/h ze erwaarden.

Aktuelle Modellrechnunge no wäerten d’Iwwerreschter vum DORIAN ufanks/Mëtt nächster Woch virun allem op de briteschen Inselen fir méi e staarke Wand suergen. Liewensgefor besteet awer net, well de System näischt méi mat engem Hurrikan ze dinn huet. Et ass en aussertropescht Déifdrockgebitt.

Zuchweeër vum Hurrikan DORIAN an Tropestuerm GABRIELLE (GEFS / wxcharts.com)

DORIAN net den eenzege Wirbelstuerm

Dann hu mir nach den Tropestuerm GABRIELLE, dee sech matten iwwert dem Atlantik befënnt. Dësen zitt bis de Sonnde nach a Richtung Nordwesten, ier och dësen opgrond vum Jetstream d’Kéier maachen a sech op de Wee a Richtung britesch Insele maache wäert. Enn der nächster Woch kéint dësen de Modellrechnunge no virun allem a Schottland fir staark Wandstéiss suergen – mee och um Niveau vun engem normalen Déifdrockgebitt / schwaacht aussertropescht Stuermdéif.

D’Hurrikansaison areecht sou lues hire Maximum. Sou Situatioune kënnen a nächster Zäit also méi oft virkommen, wat awer ganz normal ass. Och bei eis wäert d’Wahrscheinlechkeet vun Hierschtstierm an de nächste Wochen zouhuelen.

Den Tropestuerm GABRIELLE (upi.com)