Dëst Joer dauert et net bis an d’Fréijoer oder an de Summer: Schonn elo ass déi éischt Luedung Saharastëbs ënnerwee op Lëtzebuerg. Wat huet dat fir Auswierkungen?
Héichdrockgebitt dofir verantwortlech
Déiwe Loftdrock huet sech aus eise Géigende verzunn. Mir ginn de Moment vun héijem Loftdrock versuergt, deen sech vun den Azoren aus iwwert de Mëttelmierraum bis an den Oste vun Europa erstreckt. Duerch d’Stréimung mat der Auer, déi bei engem Héich jo typesch ass, gëtt direkt aus Afrika eng Luedung Saharastëbs a Richtung Norden transportéiert.
Dem Modell vun der National and Kapodistrian University of Athens no gëtt virun allem muer um Méinden eng erhéicht Konzentratioun iwwert dem Südoste vun de britteschen Inselen erwaart, mee och Portugal, Spuenien an de Weste vu Frankräich gehéieren dozou. Bei eis ass se zu dësem Zäitpunkt nach zimmlech geréng.
Zu Lëtzebuerg ass e Mëttwochmëtten mat der gréisser Konzentratioun ze rechnen, dat mat grad emol 200 mgr/m². Dëst ass elo net d’Welt, mee et ass op alle Fall miessbar. Op d’Gesondheet vun empfindleche Persoune sollt et keng gréisser Auswierkungen hunn. Déi, déi sech am bemierkbarste mécht, gesi mir um fréie Moien oder fréien Owend: Eis Sonnenop- an Ënnergäng wäerten däitlech méi faarweg/roudelzech verlafen.
Dëst alles kënnt reegelméisseg vir. Bei wierklech grousse Konzentratioune gesäit ee bei eis de Saharastëbs esouguer un alle méigleche Géigestänn – Fënstere sinn dann dreckeg. A wann et reent, da gesäit een an dësem esouguer Sandkären. Mee jo, dës Kéier ass dat jo net vu gréisserer Relevanz.