FABIENNE: Spëtzten ëm 100 km/h erwaart

Nodeems et deels riesëg Ënnerscheeder tëschent de verschiddenste Wiedermodeller gouf, gëtt et elo no a no ëmmer méi kloer, wéi de Stuerm mam Numm FABIENNE iwwer Mëtteleuropa ewechzéie wärt.

Ongemittlëch Zäiten

No der Kaalfront vum Stuerm ELENA um Freiden, déi déi waarem Loftmassen aus eisem Land verdrängt huet, mëcht sech elo e weidere Stuerm op de Wee. Et handelt sech dobäi ëm e Stuermdéif mam Numm FABIENNE, waat wahrscheinlech haaptsächlech an enger Sträif vun de BeNeLux-Länner bis an d’Mëtt souwéi an de Süde vun Däitschland déi héchst Wandgeschwindëgkeete brénge wärt. Net nëmmen de Wand ass dobäi en Thema, mee och de Reen. Virun allem wann Donnerwiederen optriede kann et mol zu gréissere Reequantitéiten a kuerzer Zäit kommen.

Och wa sech d’Modeller mëttlerweil net méi sou vill ënnerscheede wéi virun e puer Deeg nach, steet de Verlaaf awer nach net zu 100 % fest. Daat ass de Grond, wisou dësen Artikel bis de Sonndë laafend aktualiséiert gëtt. Egal wéi staark de Wand wierklech gëtt, stiermësch gëtt et op alle Fall! An de nächsten Zeile fannt Dir e Verglach tëschent e puer Modeller, vir d’Wandvitessen an och vir d’Reenquantitéiten.

Modellverglaich zu de Wandvitessen

vir d’lescht aktualiséiert: 22.09.2018 – 22:31

(Vir eng méi grouss Usiicht einfach op d’Grafike klicken/tippen)

ARPEGE

De franséische Wiedermodell ARPEGE rechent am Laaf vum Sonndënomëtten mat Wandvitesse vu 60 bis 85 km/h. De Fokus géif dobäi um südleche Lëtzebuerg leien.

GFS

Dem amerikanësche Wiedermodell GFS no zitt d’Stuermfeld um Sonndënomëtte vu West-Nordwest a Richtung Ost-Südost iwwer Lëtzebuerg ewech. An de Spëtzten hätte mir et da mat Werter vun ëm 90 km/h ze rechne. Virun allem a Begleedung vun Donnerwiederen ass e besse méi méigleg.

ICON

Den däitsche Modell ICON gesäit, wéi quasi daat ganzt Land wärt betraff sinn. D’Konditioune géife just duerch d’orografësch Lag vu Plaatz zu Plaatz ënnerschiddlech sinn, waat heecht, dass op de Koppen déi héchst Vitessen ze erwaarde wieren. Do kann et op 100 km/h eropgoen. Am Fall vun engem Donnerwieder oder enger konvektiver Schauerzell kann dëst iwwertraff ginn.

Modellverglaich zu de Nidderschlagsquantitéiten

vir d’lescht aktualiséiert: 22.09.2018 – 22:31

(Vir eng méi grouss Usiicht einfach op d’Grafike klicken/tippen)

ARPEGE

Dem franséischen ARPEGE no kënnt och e bessen eppes u Reen eroof. Berechent gi Nidderschlagsquantitéite vun 20 bis lokal 35 l/m² an der Groussregioun.

GFS

Den amerikanësche GFS ënnerstëtzt d’Simulatioun vum ARPEGE a berechent 25 bis 30 l/m² Reen.

ICON

Wann et no dem däitsche Modell geet da géif de meechte Reen nördlech un eis laanschtgoen. Hei zu Lëtzebuerg géif et awer mat 20 l/m² naass ginn.

Fazit

De Sonndën zitt wuel vir d’éichte Kéier vir dës Saison en Hierschtstuerm iwwert eis ewech. Wéi een un den aktuelle Modellrechnungen erausinterpretéiere kann, sollte sech d’Wandspëtzten tësche 70 a 90 km/h ophaalen. Iwwert de Sonndë verdeelt muss ëmmer rem mat schauerartëg verstärktem Reen oder och mol dem engen oder aneren Donnerwieder gerechent ginn, woubäi e puer Ausnahmen entstoe kéinten. Duerch e sougenannte “vertikalen Impulstransport”, och nach “Downburst” genannt, wiere souguer Spëtzte vun iwwer 100 km/h denkbar. D’Koppe vum Land wärte vum Wand am meechte matkréien, de Reen ass iwwerall en Thema. Duerch déi momentan Modellsimulatioune kéint am Norde vum Land de meechte Reen faalen. Wéi uewe scho gesoot, gëtt dësen Artikel laafend aktualiséiert.