Faktencheck: Kategorie 5 Hurrikan zitt an eis Richtung?

Den Hurrikan LORENZO ass e Rekordhurrikan an huet eng beandrockend Entwécklung hannert sech. Elo gëtt gefaart, de Stuerm kéint och op Mëtteleuropa kommen. E puer Fakten.

An der Nuecht op de Sonnden huet sech den Hurrikan LORENZO fir eng kuerz Zäit op déi fënneft an héchst Kategorie op der Saffir Simpson Skala verstäerkt. An de Spëtzte konnte bis zu 295 km/h registréiert ginn. Nach ni huet sech en Hurrikan sou wéit ëstlech am Atlantik zu engem Kategorie 5- Hurrikan entwéckelt, dohier gëlt de Stuerm als Rekordhurrikan.

De System huet sech an Tëschenzäit rem op d’Kategorie 2 ofgeschwächt, dat mat engem Mëttelwand vun 160 km/h a Spëtzte vu bis zu 200 km/h. En ass nach matten um Atlantik, beweegt sech awer mat Ronn 14 km/h a Richtung Nord- Nordosten (Stand 30.09.2019 – 16:50). En zitt riicht a Richtung Azoren duer, wou en och an der Nuecht op de Mëttwoch ukomme wäert. Besonneg betraff wäerten déi westlech Inselen sinn, de National Hurricane Center huet awer fir déi ganz Ëmgéigend eng akut Hurrikanwarnung erausginn. Beim Ukomme vum Hurrikan op den Azoren ass mat Wandspëtzte vun tëscht 170 an 200 km/h ze rechnen, an der Moyenne bléist e viraussiichtlech mat ëm 140 km/h. Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent virun allem fir déi westlechst geleeën Inselen d’Wahrscheinlechkeet vun iwwer 250 l/m² Reen tëscht dem Dënschdemëtten an dem Mëttwochmëtten.

De Parcours vum Hurrikan LORENZO inkl. Warnungen (National Hurricane Center / hurricanes.gov)

20 Meter héich Wellen erwaart

D’Azore sinn héich Welle gewinnt, mee déi Héichten, déi duerch de LORENZO optriede kënne, sinn awer net op déi liicht Schëller ze huelen. Modellrechnunge no kënne nämlech Wellenhéichte vun tëscht 10 an 20 Meter optrieden.

Zitt de Stuerm op Mëtteleuropa duer?

An enger ganzer Partie Medien gëtt dovu geschwat, dass e geféierlechen Hurrikan vun der héchster Kategorie op Europa duerzitt. Dëst ass awer net ganz richteg.

De LORENZO wäert d’Azore wahrscheinlech nach mat séngen Hurrikan-Eegeschaften areechen. Duerno geréit de Stuerm ëmmer méi a méi killt Waasser a gëtt vun engem gréisseren Déifdrockgebitt, wat bei Island seng Kreeser zitt, “agesaugt” a fungéiert quasi als Randdéif. D’Hurrikan-Eegeschafte ginn doduerch verluer, well de System ufänkt, Fronten auszebilden. De LORENZO gëtt also ëmmer méi zu engem aussertropesche Stuermdéif, wat näischt méi mat engem Hurrikan ze dinn huet. E produzéiert zwar nach Stuermstéiss, mee staark ofgeschwächt.

Wouhi genee de Stuerm zéie wäert, gëtt vun de Modeller nach richteg ënnerschiddlech berechent. Den amerikanesche Modell GFS war bis gëschter nach der Meenung, e géif vun deem gréisseren Déifdrockgebitt bei Island opgefong ginn an uschléissend a Richtung Island selwer “katapultéiert” ginn. Neist Berechnunge weisen, dass de Stuerm awer och op Irland treffe kann a vun do aus en Drift op Südost mecht a soumat och iwwert de Rescht vun de briteschen Inselen zéie kéint. Zäitpunkt: tëscht dem Donneschdenowend a Freidenowend. Sollt des Solutioun antreffen, da géife mir et a West- a Mëtteleuropa wierklech mat extrem schwaachen Iwwerreschter vun engem ehemolegen Kategorie 5 Hurrikan ze di kréien. Dëst wier awer mol net warnrelevant. Den europäesche Modell rechent domat, dass dat gréissert Déifdrockgebitt de LORENZO “absorbéiert” a kuerz virdru nach un de südwestlechen a westleche Küste vun Irland laanschtsträift. Duerno wier de Stuerm keen Thema méi.

Trotz de ganze Modellënnerscheeder: West- a Mëtteleuropa souwéi och Lëtzebuerg wäerten et net mat engem Hurrikan ze di kréien.

De prognostizéierte Wee vum LORENZO laut GFS Modell (wxcharts.com)