Finall vun der Oktoberwiermt? E Freide bis ëm 26 Grad ze erwaarden, dann Réckgang

No engem kuerzen Temperaturréckgang muer um Donneschden sinn e Freiden erëm bis ëm 26 Grad méiglech. Den een oder anere Modell wëll esouguer eppes driwwer net ausschléissen.

Advertisement

Gréisser Schwankungen, dann hierschtlech

Wéi an aneren Artikelen schonn ugeschwat, ännert sech d’Grousswiederlag geschwënn. Mir wëssen an Tëschenzäit, dass e Samsden eng méi markant Kalfront duerchzitt. Doriwwer eraus ass am weidere Verlaf och den éischte Frascht méiglech a wa mir nach méi wäit kucken, da gesi mir och déi éischt (nach onbedeitend) Schnéi-Signaler an de Modeller.

Ier all dat awer geschitt, gerode mir de Freiden an d’Virfeld vun der Kalfront, déi eis jo e Samsde passéiert. Dat dofir verantwortlecht Déif transportéiert nach eng (lescht?) Kéier vill ze waarm Loftmassen op Lëtzebuerg.

D’Temperaturen bei eis

Mat dësen Informatiounen am Hannerkapp – Muer um Donneschde si Maximaltemperature vun tëscht 17 an 22 Grad dobäi. Dës liicht méi niddereg Wäerter hu mir enger ganz schwaacher Kalfront ze verdanken, déi iwwert eis ewechschläift. E bësse Reen kann och mol mat dobäi sinn, d’Quantitéite sinn awer ze iwwerkucken. E Freide gerode mir jo dann, wéi gesot, ënnert eng erëm kuerzzäiteg immens waarm Loftstréimung. Den europäesche Modell rechent mat engem Temperaturmaximum vun tëscht 20 a 25 Grad, den amerikanesche GFS ass mat 22 bis 27 Grad ënnerwee. Den däitsche Modell gesäit et mat 20 bis knapp 25 Grad e bësse méi entspaant.


Wéi d’Wiermt hire Wee zréck op Lëtzebuerg fënnt, mee nëmme kuerz | Animatioun: wxcharts.com

Egal wéi eng vun dëse Léisunge sech wäert duechsetzen, et ass op alle Fall vill ze waarm. Sollt et tendenziell méi den amerikanesche Modell ginn, da wier och e neie Rekord an eise Géigende net ausgeschloss.

D’Temperaturen am Ausland

Iwwer Frankräich gëtt et de Freide nach eng Kéier 25 bis 32 Grad waarm, dem amerikanesche Modell no wieren am äusserste Südwesten och mol nach 33 Grad dran. Am äusserste Nordosten, direkt un der Grenz zu Baden-Württemberg an Däitschland, si bis zu 30 Grad méiglech. Sollten dës Wäerter esou kommen, da kënnen och do verschidde Statiounen un hire Rekorder krazen oder se och erreechen/passéieren.