Fir de Freiden & Nuecht op de Samsden: Hiweiser viru glate Stroossen & Schnéi aktiv

Den Dag vun haut kënnt zwar mat gréisseren Onsécherheeten dohier, an trotzdeem ass et méiglech e puer Hiweiser auszeschwätzen.

Modeller pendle sech an, mee sinn ëmmer nach net 100% sécher

D’Wiedermodeller sinn zwar lo all an eng ongeféier Richtung gaangen, allerdéngs ass awer och ëmmer nach keng grouss Sécherheet do. Den aktuelle Stand ass awer deen, dass eis haut um Freiden en immens naassen Dag usteet. D’Nidderschlagsquantitéite sollte mat tëscht 12 a 25 l/m², lokal eventuell liicht driwwer, esou just net un de Warnschwellen vun enger gieler Wiederwarnung virun Dauerreen krazen. Nëmmen eng spontan Ännerung am Laf vum Freide selwer géif dat nach erméiglechen. De meeschte Reen soll tendenziell laanscht den äusserste Süde vum Land an am Grenzgebitt zu Frankräich optrieden.

EDIT 08.04.2022 – 10:05: Neist Modeller hunn erginn, dass d’Warscheinlechkeet fir 30 l/m² an der Südhallschent innerhalb vun de nächste 24 Stonnen geklommen ass. Dowéinst ass elo eng GIEL Wiederwarnung fir de Süden aktiv, besonnesch fir d’Grenzgebitt zu Frankräich.


D’Nidderschlagsquantitéite bis de Samsde Mëtternuecht | Grafik: wxcharts.com

Fir de Rescht gëtt vun de meeschte Modeller op mannst mol mat Schnéischauere gerechent, eenzelner hunn awer och eng Schnéicouche dran. Wann d’Wanterfrënn ënnert eis also Chance hunn, dann ass et wierklech net onméiglech, dass et lokal, egal ob am Norden oder am Süden, zu Quantitéite vun tëscht 2 a 4 cm kënnt. Well et awer nach sou vill Wischi-Waschi tëscht de Modeller gëtt, ass dëst awer mat Virsiicht ze genéissen.


Déi méiglech Schnéihéichten, berechent vum ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Fir op Nummer sécher ze goen, hunn ech awer e puer Hiweiser aktivéiert: eng Kéier viru méiglechem Schnéifall an nach eng Kéier wéinst glate Stroossen. Glat Stroosse sinn scho mol e gutt Stéck méi warscheinlech, well d’Temperaturen an der Nuecht op de Samsden op an ënnert de Gefréierpunkt zréckgoe wäerten.

Duerch d’Nätzt aus de Stonne virdrun kann et dann logescherweis mol zu glate Streckenofschnëtter kommen. Dat selwecht gëlt och nach fir de Samsdemoien- an och Virmëtten.