Fir d’éischt Kéier an dësem Joer: Gréisser Luedung Saharastëbs kënnt op Lëtzebuerg

Duerch eng temporär gënschteg Stréimung packt et an de nächste Stonnen eng Luedung Saharastëbs op Lëtzebuerg.

Advertisement

Gréisser Konzentratiounen u Stëbs an der Loft

De Modellrechnunge no erreecht eis an dëse Stonnen ëmmer méi Saharastëbs an der Héicht. De Peak soll eis muer um Mëttwoch erwaarden, ier d’Konzentratioun a Richtung Enn der Woch ëmmer méi wäit zréckgeet.

Och op de Berechnunge vun den eenzelne Wiedermodeller bis muer gesinn mir, dass d’Stréimung fir d’Ukomme vum Stëbs kuerzzäiteg gënschteg ass. Ze verscholden ass dat Ganzt engem allgemengen Héichdrockgebitt iwwert dem Mëttelmierraum, engem klengen Déif iwwert dem Weste vu Frankräich an engem weideren Déif westlech vu Skandinavien. Doduerch kënnt kuerzzäiteg eng Beweegung wéi mat enger Schëpp zustanen, déi eis de Stëbs op Lëtzebuerg bréngt. Mat Wäerter vun ëm 400 mgr/m² ass et elo net déi gréisst Konzentratioun, mee se ass ebe net ouni.


D’Stëbskonzentratioun an der Loft fir de Mëttwoch | Grafik: SKIRON, forecast.uoa.gr

Dohier wäert och haut um Dënschden den Himmel schonn lues a lues méi dréif ginn. Muer um Mëttwoch gëtt et souwisou méi wollekeg an och e bësse Reen ass dobäi – net wonneren also, wann een op eemol dreckeg Fënsteren & Autoen huet. De Stëbs ka sech nämlech duerch de Reen zu engem gewësse Grad un de Géigestänn ofsetzen.