Firwat hu mir de Moment kee Schnéi? Wat misst sech fir e Comeback änneren?

Wéi virausgesot, hu mir et mat ville Wolleken a Gefisems ze dinn – d’Temperature sinn an engem ze héije Beräich ënnerwee. Mat Wanterwieder huet dat näischt ze dinn… mee wat genee misst sech iwwerhaapt änneren?

Advertisement

Déi momentan Situatioun a kuerzen Ausbléck

Elo de Weekend iwwer leie mir genee um Rand vun héijem an déiwem Loftdrock. De Kär vum Héichdrockafloss läit iwwert dem Mëttelmierraum, iwwerdeems Déifdrockgebitter iwwert de nordatlantesche Raum regéieren. Dat momentant Wieder vun dobaussen ass also séier erkläert. Wéi an den Updates vu gëschter betount, gerode mir an de nächsten Deeg viraussiichtlech ënnert eng Westwiederlag. Dorënner versteet een eng Wiederlag, bei där ëmmer erëm Déifdrockgebitter a Frontesystemer vum Atlantik hier iwwert eis Käpp ewechzéien – zumools vu Mëtt der Woch un soll et doduerch zimmlech naass an zäitweis och lëfteg bis stiermesch bei eis ginn.


D’Situatioun fir de Rescht vum Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Elo stellt ee sech natierlech d’Fro, ob dann eppes vun dësem Nidderschlag kéint als Schnéi erofkommen – an déi ass ganz berechtegt, well ebe nach Wanter ass. Esou liicht ass d’Situatioun dann awer net: Et ass nämlech staark vum Lafwee vun den Déifdrockkären ofhängeg, a wéi enger Form d’Nidderschléi erofkommen.

Wat misst sech änneren?

Fir den Zesummenhang besser ze verstoen, muss ee wëssen, dass Déifdrockgebitter géint d’Auer dréinen. Op hirer südlecher Säit “sauge” se meeschtens fiicht, mee awer mëll Loftmassen un. Op hirer Récksäit oder och nërdlech vun de Kären handelt et sech meeschtens ëm méi kill Loftmassen. Mir missten also idealerweis, fir Schnéi ze kréien, e puer mol op déi kal Récksäit vun de virausgesoten Déifdrockgebitter kommen.


Déi viraussiichtlech Situatioun fir en Donneschden | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

E Mëttwoch zitt viraussiichtlech e Randdéif vun de britteschen Inselen aus a Richtung Ostséi. Et verleeft südlech genuch, dass et eventuell fir déi nërdlech Géigende vun Däitschland fir e puer Schnéischauere kéint duergoen – zur selwechter Zäit ass et awer fir eis ze wäit nërdlech ënnerwee, wouduerch mir et just mat Reen ze di kriiten. En Donneschden an e Freide rauschen zwee weider Déifdrockgebitter duerch, déi eis erëm éischter Reen bréngen, iwwerdeems déi méi nërdlech Deeler vun Europa kënne vu Schnéi profitéieren.

Ass dann eng kleng Chance an Aussiicht?

Jo, d’Chancen sinn net null. Fir de nächste Weekend gesinn d’Modeller eng kleng Warscheinlechkeet, dass sech iwwert de Weste vum Mëttelmierraum en Déif hileet, iwwerdeems e weidert Déif iwwert der Ostséi läit. Doduerch kriite mir et direkt mat méi kille Loftmassen ze dinn, déi et kuerzzäiteg kéinten zouloossen, dass et zu Flacke kënnt.


Eng minimal Chance fir Flacke kéint sech de nächste Weekend opdinn. Hänkt Iech awer net ze vill un dëser Iddi fest | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Direkt hannendru wier awer schonn erëm héije Loftdrock méiglech, wat d’Keelt zwar net géif verdreiwen, mee d’Nidderschléi – et géif also just ganz kuerz ganz bësse schneien, ier et dann kill a meeschtens sonneg géif ginn.

Fazit

An de nächsten zwou Woche kënnt et allerhéchstens mol zu e puer eenzelne Flacken, déi awer keng all ze grouss Relevanz wäerten hunn. Kënnt et dozou, dann souwisou erëm méi op de Koppen am Norden.