
De Weekend setzt sech Héichdrockafloss duerch. Ier et awer esouwäit ass, erwaart eis vun den Owend un en Ofschnëtt, deen un typescht Abrëllswieder erënnert. Lokal si weiderhi Flacke méiglech. En Update.
Advertisement
Vu frëndlechem Sonn-Wollekemix zu Reen a Flacken
Wéi virausgesot, konnt sech haut um Mëttwoch eng kuerz méi frëndlech Period duerchsetzen, déi deemnächst awer duerch d’Kalfront vun engem Déifdrockgebitt wäert ënnerbrach ginn. Aktuell läit d’Front iwwert dem Westen a Nordweste vu Frankräich, d’Wolleken dovun erreechen awer all Moment de Weste vu Lëtzebuerg. Gréisstendeels handelt et sech beim Passage vun der Kalfront ëm Reen, just punktuell kann et mol fir eenzel Flacken oder kuerz Schnéischaueren duergoen. Am warscheinlechsten ass dësen Zenario op iwwer 400 Meter.

Hannert der Front gëtt et direkt méi dréchen, dat wäert tëscht 4 a 6 Auer de Fall sinn. Duerno gerode mir lues awer sécher op d’Récksäit vum Déif selwer, déi eis an der Héicht nach en zousätzleche Schwall u kille Loftmasse bréngt. Et ass mat Schaueren ze rechnen, déi eben duerch déi kill Loftmassen an der Héicht duerchaus mol Abrëllswieder-Charakter kënnen unhuelen. Dozou zielt nieft dem Reen och mol déi eng oder aner Schnéischauer (zumools op de Koppen) oder je no Intensitéit vun de Nidderschléi och mol Graupel (kleng Knëppelsteng). Déi eng oder aner Blëtzentluedung ass iwwert dem allgemenge Westeuropa och net onméiglech, vun enger Donnerwiederlag si mir awer Welte fort.

Zanter eisem Artikel vu gëschter huet sech och fir e Freide net all ze vill geännert: Bis spéitstens an de fréie Nomëtten era ka sech de variabele Charakter nach halen, duerno iwwerhëlt ëmmer méi en Héichdrockgebitt d’Haaptroll. Dëst Héich begleet eis duerch de Weekend a wäert och erëm d’Warscheinlechkeet vu Niwwel mat sech bréngen. D’Warscheinlechkeet, dass sech de Niwwel méi laang bei eis kann ophalen, ass e Samschden erhéicht. D’Chancen op Sonn sti fir e Sonnden, esou den aktuelle Stand, besser.