Florida & Bahamas: D’NICOLE suergt demnächst fir Hurrikan-Konditiounen

De vergaangene Weekend ass en Déifdrockgebitt iwwert der Karibik entstanen, wat an de nächsten Deeg Deeler vu Florida & de Bahamas als Hurrikan beaflosse wäert.

Uersprong an der Karibik

De nach subtropesche Stuerm NICOLE (Stand 08.11.2022 – 02:33 Auer) war de vergaangene Samsden eréischt en Déifdrockgebitt an ass südlech vun der dominikanescher Republik entstanen. Vun do aus ass en bis de Sonnden a Richtung Osten op den Atlantik eraus gewandert, ier en et sech dunn awer anescht iwwerluecht huet. D’NICOLE läit elo nach e Stéck ëstlech vun de Bahamas & Florida – an der zweeter Wochenhallschent ass domat ze rechnen, dass de Stuerm als low-end Hurrikan vun der éischter Kategorie u Land geet. De momentane Berechnunge no wäert dat bei Marsh Harbour de Fall sinn, wat Florida betrëfft gëtt tëscht West Palm Beach & Port St.Lucie mam Landfall gerechent.


Déi momentan Positioun an de weidere Parcours vum NICOLE | Grafik: hurricanes.gov

De Moment bléist de Stuerm mat gemëttelte Wandvitesse vu 75 km/h. Wann de Stuerm de Mëttwochowend esouwéi och um fréien Donneschdemoien iwwert de Bahamas & a Florida u Land geet, solle Vitesse vun tëscht 100 an 120 km/h an der Moyenne erreecht ginn. Stand elo zitt de Stuerm tëscht dem Freiden an de Samsden iwwert de Rescht vu Florida esouwéi och e Groussdeel vun der Ostküst vun den USA ewech, dat awer nëmme nach als Tropestuerm resp. Stuermdéif.

Direkt laanscht d’Küst vu Florida ass mat enger Stuermflut ze rechnen, esouwéi och mat Iwwerschwemmungen duerch grouss Reenzommen.