Florida: D’IDALIA trëfft all Moment als Kategorie 4-Hurrikan u Land

D’IDALIA huet sech iwwert dem Golf vu Mexiko séier an en Hurrikan vun der véierter Kategorie virunentwéckelt. All Moment geet de Stuerm u Land, eng 3 bis 5 Meter héich Stuermflut ass ze erwaarden.

Advertisement

“Landfall” imminent

D’IDALIA läit mat sengem Aen nëmme nach en dënnt Hoer vum Festland ewech, et soll am Raum Fish Creek u Land goen. Elo schonn peitschen staark Reebänner u Land, déi Stuerm mat Hurrikanstäerkt bréngen. Och Tornadoen kënnen an dëse Reebänner entstoen. Um baussegste Rand vum Aen vum Stuerm bléist de Wand an der Moyenne mat 210 km/h, an de Spëtzten ass e mat 240 km/h ënnerwee – dëst entsprécht engem Hurrikan vun der véierter (zweethéchster) Kategorie op der Saffir-Simpson Skala.


Aktuelle Satbild-Loop vum IDALIA | Animatioun: tropicaltidbits.com

Nieft dem Wand gëtt d’Waasser awer och e grousse Problem. Duerch den déiwe Loftdrock vum Stuerm (aktuell 942 hPa) zitt d’Aen d’Waasser op sengem Wee a Richtung Festland wéi e Wall viru sech hin. De National Hurricane Center warnt un der Küst tëscht Ochlockonee a Yankeestown virun enger 3 bis 5 Meter héijer Stuermflut. Dozou sief och nach ze soen, dass nach ni zanterdeems et Opzeechnunge ginn en Hurrikan op dëser Plaz u Land gaangen ass. Et ass also eng Situatioun, déi nach ni do war – an dat eben mat enger enormer Intensitéit. Et besteet héchst Liewensgefor.

Livestreams

Hei fannt Dir zwee ausgesicht Livestreams iwwert de Stuerm.

Reed Timmer
Ryan Hall