Florida: Hurrikan vun op d’mannst der drëtter Kategorie erwaart

Aktuell läit eng tropesch Depressioun tëscht Kuba a Mexiko, déi sech deemnächst rasant zu engem Tropestuerm an duerno zu engem Hurrikan wäert verstäerken. Florida ass am Viséier.

Advertisement

All Moment entsteet den Hurrikan HELENE

Nach existéiert den Hurrikan net, mee dat wäert sech a gutt 24 Stonnen änneren. Aktuell läit eng tropesch Depressioun iwwert dem Nordweste vun der Karibik a wäert muer den Owend iwwert dem Kanal vu Yucatan leien, also tëscht Cancun a Pinar del Rio, wat op der Insel Kuba läit. De Status vun engem tropesche Stuerm gëtt fréistens haut den Owend géint 20:00 erreecht.

Déi aktuell Projektioune vum National Hurricane Center weisen, dass sech dat zukünftegt HELENE bis en Donneschdenowend mat grousser Vitesse wäert bis bal un d’Westküst vu Florida verlagert hunn. Den Iwwergang vun engem Hurrikan vun der éischter Kategorie op déi drëtt kéint immens rasant verlafen, well déi zweet Kategorie op dëse Projektioune net mol ze gesinn ass. Aktuelle Berechnunge no wäert den Hurrikan HELENE am Laf vum spéideren Donneschdenowend (eiser Zäit) iergendwou tëscht Tampa a Panama City u Land goen. Den Apalachee Bay läit zimmlech zentral am berechente Lafwee.


De potenzielle Wee vum HELENE a Richtung USA | Grafik: National Hurricane Center / hurricanes.gov

Wärend dem Landgang sinn dem National Hurricane Center no duerchschnëttlech Wandvitesse vun 185 km/h ze erwaarden, an de Spëtzte kéinte besonnesch héichopgeléiste Modeller no ëm 220 km/h optrieden. Wat de Reen betrëfft si virun allem iwwert dem Mier selwer tëscht 150 an 250 l/m², lokal méi, ze erwaarden. U Land selwer ass awer mat punktuellen 100 l/m² ze rechnen. Net ze vergiessen ass nach déi üblech Stuermflut, déi nieft dem falende Reen eng zousätzlech Gefor duerstellt.

Kategorie 3-Hurrikan JOHN zu Acapulco a Mexiko

An der vergaangener Nuecht (eiser Zäit) ass den Hurrikan JOHN a Mexiko u Land gaangen, dat op der pazifescher Säit bei Acapulco. An der Moyenne huet e Spëtzte vun 195 km/h erreecht, däitlech méi markant ass do awer de Reen: bis de Weekend inclus rechnen d’Wiedermodeller Reequantitéite vun iwwer 1000 l/m². Fir ze vergläichen: An eise Géigenden, zumools am Norde vum Land, kommen änlech Zommen an Zäit vun engem ganze Joer erof.