De National Hurricane Center beobacht eng tropesch Stéierung an der Karibik, déi sech deemnächst zu engem Tropestuerm virunentwéckle soll. No engem Besuch a Mexiko kéint en op Florida treffen.
Advertisement
Kréien d’HELENE an de MILTON eng Nofolgerin?
Florida krut et dëst Joer mat bis ewell zwee staarken Hurrikanen ze dinn, déi nëmme bal zwou Wochen ausernee louchen. Gehandelt huet et sech ëmt d’Hurrikanen HELENE a MILTON, déi immens grousse Schued ugeriicht haten. D’HELENE hat deemools iwwert dem Golf vu Mexiko déi véiert Kategorie erreecht, wat duerchschnëttleche Wandvitesse vun 220 km/h entsprach huet. De MILTON war nach méi e staarke Stuerm, en hat déi héchst fënneft Kategorie erreecht. De Wand hat mat duerchschnëttleche Vitessen vun 285 km/h ronderëmt säin Aen geblosen, erreecht hat e Florida awer als Stuerm vun der drëtter Kategorie.
Wat dës Saison ugeet, hu sech am ganzen 17 benannt Stierm forméiert. 11 dovu goufen zu Hurrikanen, 5 dovun zu Hurrikanen vun op d’mannst der drëtter Kategorie – da schwätzt ee nämlech vu “Major Hurricanes”. De nächste Numm an der Lëscht ass “SARA”, an deen soll sech all Moment iwwert dem Golf vu Mexiko forméieren. An de leschten Deeg hu sech d’Wiedermodeller an och d’Aschätzunge vum National Hurricane Center dozou ëmmer méi probabel geäussert.
Entwécklungen an der Karibik
An der Karibik, nëmmen 160 Kilometer südlech vu Jamaika, läit en Déifdrockgebitt. Ronderëmt dëst forméiere sech ëmmer méi kräfteg Donnerwieder, déi sech ufänken, zu engem tropesche Stuerm ze organiséieren. De National Hurricane Center schätzt d’Warscheinlechkeet, dass an de nächsten 48 Stonnen doraus en Tropestuerm gëtt, op 80%. Wéi een et de Modellrechnungen enthuele kann, kéint dës Ufanksphas vum Stuerm nach dorop erauslafen, dass d’Küst vun Honduras an och den äusserste Nordoste vu Nicaragua kéint betraff sinn. Duerno kéint en erëm réckleefeg ginn an eraus an d’Karibik lafen, wou e weider u Kraaft tanke kann. Aktuelle Berechnunge no soll en dann uerdentlech un Intensitéit gewannen a no senger quasi-stationärer Phas vum Méinden un seng Rees fortsetzen.
E Méinde soll de Stuerm viraussiichtlech op den äusserste Südoste vu Mexiko treffen, ier en eraus op de Golf vu Mexiko wandert. Hei ass d’Waassertemperatur ëm 3 bis 5°C ze héich fir d’Joreszäit a kéint dozou féieren, dass d’SARA weiderhi staark bleift oder nach méi staark gëtt. E “Major Hurricane” schéngt aus momentaner Siicht plausibel. Duerno gëtt et spannend: Quasi all d’Mëttelfristmodeller gesinn, dass de staarken Hurrikan dann a Richtung Florida soll zéien. E méigleche “Landfall” kéint entweder e Mëttwoch, 20. November oder och den Donneschden, 21. November, stattfannen. Sollt dat geschéien, da wier et den drëtten Hurrikan, deen Florida an dëser Saison erlieft. Den europäesche Modell projezéiert aktuell en änleche Lafwee wéi deen vum MILTON deemools.
Nach ginn et Onsécherheeten – dohier gëtt dëse Stuerm aktuell geneestens vun den Experten am Aen gehalen.