Frankräich, BeNeLux, Däitschland: Risk vu Superzellen mat Knëppelsteng, Stuerm & Tornadogefor

Fir muer um Dënschden ass eng schwéier Onwiederlag ze erwaarden. D’Risikogebitt zitt sech vu Nordfrankräich iwwert de Süde vu BeNeLux bis an d’Mëtt vun Däitschland eran. LOKAL BEGRENZT kann et immens zolidd ginn.

Advertisement

Grouss Instabilitéit, markant Wandscherung, vill Waasser an der Loft

Wéi an de vergaangenen Updates schonn beschriwwen, zitt sech muer eng sougenannt “Tiefdruckrinne” vu Südwesteuropa bis an Deeler vu Nordostdäitschland eran. Wéi et bei dëse “Rinnen” esou typesch ass, ginn et innerhalb vun där Linn eegestänneg kleng Déifdrockgebitter an integréiert Konvergenzlinnen, un deenen d’Loftmassen zousätzlech gezwonge ginn, sech ze hiewen. Dëst geschitt muer awer an engem atmosphäreschen Environnement, deen räich u Waasser an der Loft esouwéi och u Fiichtegkeet um Buedem ass. Gekoppelt gëtt dat mat enger grousser Instabilitéit (lok >2000 J/kg) a virun allem enger bal excellent ausgepräägter Wandscherung. Ënnert der Wandscherung versteet een d’Ännerung vum Wand mat der Héicht, also d’Richtung esouwéi Vitesse. Dës Dréiung déi dobäi bei der Entwécklung vun Donnerwieder besteet, suergt dofir, dass dës zu Superzellen eruwuesse kënnen – also Donnerwieder mat engem rotéierenden Opwand. Am Fall vu muer besteet genee ënnert dësen Zellen de Risiko vu grousse Knëppelsteng bis ëm 5 cm am Duerchmiesser, Orkanstéiss bis ëm 120 km/h, extreemem Reen an och engem eenzelnen Tornado.

WICHTEG ZE ERWÄANEN ass, dass dës Zellen KEE FLÄCHENDECKENDEN IMPAKT wäerten hunn. Se triede LOKAL am dëse markéierte Risikogebitt op, an dem Lëtzebuerg och mat dra läit:


D’Gebitt, an dem d’Entwécklung vu Superzellen um Dënschden am warscheinlechsten ass | Grafik: Météo Boulaide

Den ongeféieren Oflaf

Virmëtten bis fréie Nomëtten

Well et nach Onsécherheete ginn, verstäerkt fir d’Owesstonnen, gi mir elo den ongeféieren Oflaf duerch. Déi éischt Phas vum Dag geet vun enger laanglieweger Superzell aus, déi ville Modellrechnunge no elo zanter méi wéi 24 Stonnen konstant esou berechent gëtt. Muer am Virmëtten, géint 9/10 Auer, soll dës iergendwou tëscht Troyes a Paräis leien. Bis 11 Auer huet se sech séier an e Beräich Tëscht Reims an Troyes virubeweegt a leet weiderhin e nordëstlechen bis ost-nordëstleche Wee an. Dem ID2 Modell vum DWD no kënnt d’Zell kuerz virun 13 Auer bei Verdun un a soll géint 14 Auer virun allem iwwert de Süden/Südosten vun eisem Land ewechzéien. Sollt dës Superzell wierklech esou zéien a bei eis opkräizen, besteet eng grouss Gefor vun den uewe genannte Risiken.


Den ongeféiere Lafwee vun der éischter Zell, déi eis kéint geféierlech ginn | Grafik: Météo Boulaide

Huelt d’Zäitpunkten net ze genee, mee et ass op alle Fall mol eng Iddi déi elo schonn, wéi gesot, zimmlech vill an de Modellkaarten vertrueden ass.

Nomëtten bis an den Owend eran

Iwwerdeems dës Superzell weider an Däitschland eranzitt an hirt Onwiesen dreift, entstinn op enger Sträif vu Köln bis an de Raum ronderëmt Kassel, Erfurt a Leipzig e ganze Rimm u Superzellen, ënnert deenen déi virdru genannt Gefore kënnen optrieden. Zur selwechter Zäit ginn et och fir de lëtzebuerger Raum eenzel Signaler dofir, dass nach déi eng oder aner isoléiert Superzell an der Groussregioun kann entstoen.

Interessant ass et awer erëm fir den Owend: Vu Westen hier soll eis eng Front mat kräftegen Donnerwieder méi no kommen. Ob dës kënnt, ass awer ongewëss. De Grond: Duerch d’Donnerwieder vum fréie Nomëtten ass et méiglech, dass en Deel vun der Energie schonn verbraucht gouf. Et ass och net sécher, ob hannert dëser Zell vum fréie Nomëtten d’Sonn erëm genuch erauskënnt, fir d’Atmosphär erëm méi instabil ze maachen.

De Fazit ass also, dass déi éischt Hallschent vun der Situatioun méi oder manner konkret ass, iwwerdeems déi zweet Phas spontan vun der Natur entscheet gëtt.

Onsécherheeten a Gedanken

Wéi et bei dëse scho bal “High End Setups” üblech ass, muss wierklech all Puzzledeel zesummepassen, fir dass et beim simuléierten Zenario erauskënnt. Gitt also an enger Hisiicht virsiichteg mat dësen Informatiounen ëm, mee späichert se anerersäits och an Ärem Hannerkapp of. Wann et kënnt, dann huet ee besser, drop virbereet ze sinn. Wann et net kënnt, dann hate mir alt erëm Chance a kënnen eis glécklech schätzen – d’Land ass nämlech immens kleng.

Et ass trotzdeem zimmlech noleiend, dass et muer iergendwou am Risikogebitt leider hefteg wäert zougoen.