Frankräich & Däitschland: Muer éischt méi zolitt Wiedere vum Joer méiglech

Iwwer Deeler vu Frankräich & och dem Südweste vun Däitschland kann et muer punktuell fir déi éischt Kéier an dësem Joer méi zolitt kraachen. De Risk vu gréissere Knëppelsteng a virun allem Stuermstéiss besteet.

Advertisement

Ongewéinlech Wiermt trëfft op fiicht a kal Loftmassen aus Westen

Muer erwaart eis direkt Groussregioun warscheinlech den éischten Dag vun der Donnerwiedersaison vum Joer 2023. Aus Süde gi waarm Loftmassen a Richtung Nordostfrankräich eropgedréckt, déi mir esouguer heiheem spiere wäerten. Zur selwechter Zäit dréckt am Laf vum Dag aus Westen awer eng Front mat kale Loftmassen eran, déi uerdentlech Beweegung an d’Spill bréngt. Un der Grenz forméiere sech Schaueren an Donnerwieder, déi duerchaus summerleche Charakter unhuele kënnen. D’Ännerung vu Wandrichtung- & Vitesse mat der Héicht léisst et de Modeller no zou, dass sech virun allem iwwert dem nordëstleche Frankräich Superzelle forméiere kënnen, déi dann am weidere Verlaf iwwert déi däitsch Grenz zéien. Un dëse Superzelle besteet de Risk vu gréissere Knëppelsteng (iwwer 3 cm am Duerchmiesser) a schwéiere Stuermstéiss vun 100 km/h oder esouguer driwwer. E gerénge Risk vun engem lokalen Tornado besteet och am Beräich vun dëse superzelluläre Strukturen.


Dat simuléiert Radarbild fir muer am Nomëtten/fréien Owend | Grafik: wxcharts.com

Fir schwéier Stuermstéiss braucht et awer net onbedingt eng Superzell. E kräftegt Donnerwieder oder eng staark Schauer geet schonn duer, fir dass de Wand aus der Héicht kann op de Buedem erofgemëscht ginn (Downburst).

Déi meescht Modeller gesinn, dass de Gros dovun südlech u Lëtzebuerg laanschtzitt. Et ka sech mol en Donnerwieder op Lëtzebuerg “veriiren”, d’Konditioune fir déi grad genannt Phänomener sinn de Modeller no awer net esou gutt. Mir halen d’Situatioun awer natierlech, wéi ëmmer, zesummen am Aen.