Frankräich: Tornado a 4 cm déck Knëppelsteng am Département Creuse

Fir d’Joreszäit ongewéinlech staark Donnerwieder hunn iwwer Deeler vum zentrale Frankräich fir zolitte Reen, 4 cm grouss Knëppelsteng an och en Tornado gesuergt.

Titelbild: © Jean-Marc Velleine

Advertisement

Beem ëmgefall an Diecher ofgedeckt

Am spéidere Nomëtten huet sech iwwert dem Département Creuse am mëttleren Deel vu Frankräich en Tornado forméiert. E war en Deel vun enger ganzer Rei mat Donnerwieder, déi deelweis de Charakter vu Superzellen ugeholl haten. Zolitte Reen, mee awer och Knëppelsteng bis 4 cm am Duerchmiesser sinn opgetrueden.

Informatioune vum Observatoire Français des Tornades et Orages Violents (KERAUNOS) no huet sech den Tornado géint 16:55 un enger Superzell forméiert, dobäi ass signifikante Schued ugeriicht ginn. Diecher goufen deelweis ofgedeckt, Beem sinn ëmgeknéckt an och Stroummasten hunn dem Wand net standgehalen. Den Observatoire fänkt elo mat enger Etude un, fir de geneeë Parcours & d’Intensitéit vum Tornado erauszefannen.