Frankräich: Tornado wandert 85 Kilometer wäit, neie nationale Rekord

Wéi de franséischen Observatoire fir Tornadoen (Keraunos) aus Frankräich mellt, ass de vergaangene Sonnden e neie nationale Rekord opgestallt ginn.

Titelbild: KERAUNOS

Wat war geschitt?

Bei schwéieren Onwieder de vergaangene Sonnden, 23. Oktober 2022, sinn am Norde vu Frankräich 9 Tornadoen opgetrueden. E Groussdeel dovun ass un enger laanglieweger Superzell entstaanen, déi ënnert anerem och den Tornado vu Bihucourt generéiert huet. Dësen Tornado ass vun der European Severe Weather Database (ESWD) als F3 T6 Tornado agestuuft ginn, wat Wandvitesse vun tëscht 261 an 299 km/h entsprécht. A Frankräich war et de stäerksten Tornado zanter dem 19. Juni 2013. Manner wéi 1% vun alle rezenten Tornadoen a Frankräich hunn dës Intensitéit erreecht. Enger Analys vu Keraunos no (observatoire français des tornades et orages violents) war den Tornado a seng buedemno Zirkulatioun an der Moyenne 200 Meter breet.

Weider Informatiounen iwwert den Tornado fannt Dir hei oder och hei.

Neie nationalen Tornado-Rekord

D’Analysen iwwert dësen Tornado-Dag si nach laang net ofgeschloss – dohier kommen och ëmmer méi Détailer un d’Daagesliicht. Bis ewell gouf ugeholl, den Tornado vu Bihucourt wier 20 Kilometer wäit gewandert – neien Zuele no sinn et awer 85 Kilometer (!) gewiescht. Fir europäesch Verhältnisser ass dat schonn eng Hausnummer, a Frankräich gëllt et esouguer als neie Rekord – den ale Rekord geet op de 19. August 1890 zréck, deemools war en EF4 Tornado mat Wandvitesse vun tëscht 270 an 320 km/h am Jura aktiv. Dëse war an der Moyenne 700 Meter breet an hat eng Distanz vun 81 Kilometer zréckgeluecht.


De virleefege Parcours vum Tornado, analyséiert vun den Experte vu keraunos.org | Grafik: KERAUNOS

Um Wee vum Bihucourt Tornado vum vergaangene Sonnde louchen 38 franséisch Gemengen, 8 Géigenden an der Gemeng, 5 Zuchlinnen (ënnert dësen 2 TGV-Strecken), 10 staark befuer Stroossenachsen a 5 Autobunnen.

Wéi d’Experte vu Keraunos schreiwe, sinn d’Ënnersichunge nach net fäerdeg. Et gëtt ënner anerem probéiert, den exakte Punkt ausfanneg ze maache, wou den Tornado déi éischt Kéier de Buedem beréiert huet. Hiren Aussoe no kéint déi tatsächlech Distanz vum Parcours vum Tornado esouguer nach an d’Luucht gehuewe ginn.