Franséischen Département Mayotte: Honnerten Doudeger nom Zyklon CHIDO gefaart

Nodeems mir e Freide nach iwwert den Zyklon beriicht haten, ass en de Weekend als stäerkste Stuerm zanter 90 Joer iwwert de franséischen Département Mayotte am indeschen Ozean ewechgezunn.

Advertisement

Eng méi südlech Zuchbunn ageschloen

Den Zentrum vum CHIDO louch e Freide nëmme knapp nërdlech vu Madagaskar an huet den äusserste Norde vun der Insel mat sengen Ausleefer beaflosst. Der weiderer Projektioun no sollt de Kär vum Stuerm genee tëscht de Komoren a Mayotte duerchzéien – dëst hätt zwar egal wéi e schroe Stuerm mat Iwwerschwemmunge bruecht, mee et ass nach méi schlëmm komm:


Den tatsächleche Lafwee vum CHIDO | Screenshot: zoom.earth

An der Nuecht op de Freiden huet den CHIDO spontan e méi südleche Wee ageschloen, duerch deen den Zentrum vum Zyklon genee iwwert de nërdlechen Deel vu Mayotte ewechzéie konnt. Zumools op der Récksäit vum Stuerm sinn am Süden déi héchst Wandvitessen opgetrueden, déi an der Moyenne mat bis zu 220 km/h ënnerwee waren. D’Wandstéiss waren däitlech méi staark.

Honnerten Doudesaffer gefaart

No méi wéi 9 Stonne Stuerm, extreeme Reen a Stuermflut ass d’Ausmooss vum CHIDO op der Insel méi schlëmm wéi am Ufank ageschat. Offiziell Zuele ginn et nach net, mee dem franséischen Inneminister Retailleau no dauert et warscheinlech e puer Deeg dauere, fir genee Zuelen ze nennen. Et gëtt gefaart, dass et e puer Honnert wäerte sinn, sou de François-Xavier Bieuville an de Medien. Dass d’Zuel an d’Dausenden erageet, wier net ausgeschloss. De gréissten Impakt gëtt virun allem a Géigende mat vill Aarmutt vermutt, wou d’Leit an einfachen Hütten aus Blech wunnen – där ginn et ongeféier 100.000. Obwuel d’Regierung d’Leit opgefuedert hat, sech a Sécherheet ze bréngen, gouf dat vun de meeschte Famillen ofgeleent, esou d’Medien.

Gëschter Moien ass den Zyklon, wéi am éischten Update zu dësem Stuerm, op d’Ostküst vu Mosambik getraff. Hei huet en an der Moyenne ëmmer nach Wandvitesse vun 185 bis 215 km/h erreecht a grousse Schued ugeriicht. Vu Cabo Delgado gi futtis a beschiedegt Haiser, Schoulen a Kliniken gemellt. Och de Stroum ass ausgefall. Dat geneet Ausmooss vun der Zerstéierung ass nach net kloer.