Freiden-UPDATE: Schaueren an och lokal Donnerwieder, Staarkreen méiglech

Muer de Moie passéiert eis eng Kalfront, déi eis an de Stonnen drop eng Partie Schauere bréngt. Dës kënnen duerch instabil Loftmassen och punktuell méi kräfteg ausfalen, esouguer en Donnerwieder ass net ausgeschloss. Wéi ass d’Lag anzeschätzen?

Advertisement

De Verlaf

An der Nuecht op e Freide verlagert sech en Déifdrockgebitt vun de britteschen Inselen aus a Richtung Skandinavien. Dëst Déif schleeft e Frontesystem mat sech, wouvun d’Kalfront eis muer de Moie fréi wäert passéieren. Am Ufank ass et reenereg, méi spéit am Dag geet dat alles dann an de Schauermodus iwwer. Doduerch, dass méi mëll Loftmassen op fiicht Loftmassen aus dem Westen treffen, ka virun allem iwwert dem Frankräich eng liicht potenziell zur Verfügung stoend Energie (CAPE) opgebaut ginn, inklusiv enger e bësse méi gënschteger Wandscherung. Dozou komme mir méi wäit ënne méi genee ze schwätzen.


De Verlaf vun der Grousswiederlag e Freiden | Animatioun: wxcharts.com

Fir d’éischt beschäftege mir eis mat eisem Lëtzebuerg, wou d’Schaueraktivitéit besonnesch vum fréie Nomëtten u wäert zouhuelen. Bis an den Owend era kann et doduerch duerch Schliet ëmmer erëm naass ginn – an eben duerch déi instabil Loftmasse kënne punktuell och méi kräfteg Schauere mat Staarkreen mat dobäi sinn. Wann alles passt, da kann och en Donnerwieder optrieden. Vun der Intensitéit hier sinn dës awer net mat deenen aus dem Summer gläichzestellen, an trotzdeem ass Staarkreen mat engem stramme Wand net onméiglech.


D’Schaueraktivitéit hëlt vum Nomëtten un zou | Animatioun: wxcharts.com

Déi bescht Konditiounen fir och mol Stuermstéiss ënnert den Donnerwieder ginn et iwwert dem mëttlere bis nërdleche Frankräich, wou eben d’Wandrichtungs- a Geschwindegkeetsännerung inkl. der potenzieller Energie eng Roll spillen. Dass en Donnerwieder och kleng Knëppelsteng ka mat sech droen, ass an dësem Beräich liicht erhéicht. Héichopléisend Modeller wëllen och eenzel superzellulär Entwécklunge net ausschléissen. Dës Zutate stinn an eiser Groussregioun awer net wierklech ausgepräägt zur Verfügung.