Update: Glëtz um Freidenowend

De Weekend gëtt et däitlech méi waarem. De Grond dovir ass eng Waarmfront, déi eis um Freidenowend passéiere wärt.

Waarmfront verdrängt kaal Loftmassen

Um Freide selwer ass et déi meecht Zäit bedeckt, dobäi sinn déi eng oder aner liicht Schnéischauere méigleg. Nenneswert Quantitéite sinn allerdéngs net ze erwaarden. Am Dag klammen d’Temperaturen op Maximalwerter vu -1 Grad, am Süde klamme se schon op 3 Grad.

Ab den Owesstonnen, sou tësche 19 an 21 Auer, kënnt eis aus westleche Richtungen eng Waarmfront méi no. Dës Waarmfront verdrängt déi kill Loftmassen, ënnert deene mir leien. Doduerch wärt de Schnéi am ganze Land a Schnéireen an uschléissend a Reen iwwergoen. D’Temperature wärten a kuerzer Zäit iwwert de Gefréierpunkt klammen, aneschters wéi d’Temperatur um Buedem. Dës wärt nach eng Zäit brauchen, vir op iwwer 0 Grad ze klammen, soudass de Reen um Buedem festfréiere kann. Streckeweis kéint dëst vir spigelglaat Stroosse suergen.

D’Gefor vu glaate Stroossen hëllt an der zweeter Nuetshalschend awer of: De Buedem gëtt ëmmer méi waarem, soudass de Reen net méi festfréiere kann. D’Lofttemperatur wärt tëschen 2 a 5 Grad leien.

De Verlaaf vir de Recht vum Weekend fannt Dir ënnert dësem Link.

Video vum 25. Januar 2019