Fuerplang fir e Méinden: Fir d’éischt Schnéifall, dann Risk vu Glëtz

Wéi gesot, gëtt muer um Méinden déi Saach mam Schnéi erëm méi interessant. Allerdéngs kann dës Kéier och Glëtz eng Roll spillen. Hei fannt Dir elo alles, wat Dir wësse musst.

Advertisement

Advertisement

D’Situatioun

An der éischter Dageshallscht vum Méinden kënnt eis eng Waarmfront méi no. Mir hunn also eng äiskal Grondschicht bei eis um Buedem, iwwert déi sech lues a lues eng méi waarm Loftschicht dréckt. Dohier kënnt de Nidderschlag an enger éischter Phas mol nach als deels méi staarke Schnéifall erof, ier dann alles a Reen iwwergeet. Dësen Iwwergang geschitt awer net vun elo op direkt; dotëscht ass eng Phas méiglech, an där et zu Glëtz kënnt. Dobäi trëfft Reen aus schonn méi waarme Loftschichten op de nach gefruerene Buedem.


Wéi sech méi waarm Loftschichten iwwert déi méi kal Grondschicht leeën. Wärend der Iwwergangsphas kënnt et zu de verschiddensten Nidderschlags-Zorten | Grafik: weather.gov

De Verlaf

De meeschte Modeller no kënnt am fréie Virmëtte lues a lues den éischte Nidderschlag aus Westen eragezunn, iwwerdeems d’Temperature bei eis nach am Minus leien. Doduerch kënnt de Nidderschlag op de meeschte Plaze mol nach als Schnéi erof – a well de Nidderschlag och nach zäitweis méi kräfteg kann ausfalen, ass dat bis zimmlech wäit erof méiglech. Esouguer un der Musel kann et erëm fir e puer Flacken duergoen, mee néierens am Land soll ee sech vill vun der Situatioun erhoffen.


De viraussiichtlechen Oflaf laut europäeschem Wiedermodell | Animatioun: wxcharts.com

D’Freed ass nämlech eng kuerz: Vum spéidere Virmëtten/fréie Mëtten un dréckt sech lues a lues déi méi waarm Loftmass iwwer Lëtzebuerg, den Iwwergang geet also un. Vu Südwesten hier muss de Nidderschlag net onbedingt a Schnéireen iwwergoen, mee et kann plazeweis zu Glëtz kommen. Wéi beschriwwen, fällt dobäi Nidderschlag a flësseger Form op nach gefruerene Buedem. Den Iwwergang soll bis an de Nomëtten eran unhalen, esou bis géint 16 Auer, ier dann d’Gefor vu glate Stroossen ëmmer weider zréckgeet. Mëttlerweil reent et iwwerall – och an der Nuecht beweege sech d’Temperaturen am Plusberäich.

Eréischt vum Dënschdevirmëtten u kéinten d’Wäerter lokal erëm esou déif leien, dass sech op méi héije Plazen erëm kënne Flacke weisen.

D’Schnéiquantitéiten

Och wann dat mam Schnéi also eng immens kuerz Freed ass, kucke mir eis un, wéi vill es dann an där Zäit kann zesummekommen:

Nordhallschent

  • GFS: 0,5 – 2 cm
  • ECMWF: 2 – 4 cm
  • ICON-EU: 2 – 4 cm
  • ARPEGE: 1 – 4 cm

Moyenne: 1,4 – 3,5 cm

Südhallschent

  • GFS: 1 – 2 cm
  • ECMWF: 1 – 3 cm
  • ICON-EU: 0 – 2 cm
  • ARPEGE: 1 – 3 cm

Moyenne: 0,75 – 2,5 cm