Fuerplang: Stuerm an der Nuecht op den Donneschden

An der Nuecht op den Donneschden erwaart eis den éischte richtegen Hierschtstuerm vun der Saison.

Déifdrockkomplex & Héichdrockgebitt fir mëll Temperature verantwortlech

Ier mir op de Stuerm selwer ze schwätze komme gi mir mol der Fro op de Gronn, firwat et de Moment iwwerhaapt esou waarm dobaussen ass. Eng Äntfert dorop fanne mir, wa mir eis net nëmmen eist Land ukucke, mee de Kontinent am generellen. De Moment läit e groussen Déifdrockkomplex iwwert dem nërdlechen Atlantik an erstreckt sech iwwert déi brittesch Insele bis eriwwer an de skandinavesche Raum. Parallel dozou hu mir et mat héijem Loftdrock ze dinn, deen iwwert dem Mëttelmierraum an ëstlech vun Italien ze fannen ass. Well en Déif géint den Auersënn dréint an en Héich am Auersënn ginn dotëscht waarm a fiicht Loftmassen aus dem déiwe Südweste vum Kontinent resp. aus dem westlechen Afrika an eis Géigende gelenkt. Dës Beweegung ass dofir verantwortlech, dass mir et hei doheem haut a muer mat Maximaltemperature vu bis zu 21 Grad ze dinn hunn.


Déi iwwerduerchschnëttlech Temperature kommen aus dem déiwe Südwesten | Grafik: wxcharts.com

Den Oflaf a Saache Stuerm

Mir hunn den Déifdrockkomplex, deen eis de Wand bréngt, jo an Tëschenzäit kennegeléiert. Dësen Déifdrockkomplex besteet aus e puer Kären, déi ronderëmt een Zentrum ënnerwee sinn. Den Déifdrocksystem u sech inkl. zwee vun dëse Käre kommen eis an de nächste Stonne méi no a wäerten am Laf vum Mëttwoch fir en ëmmer méi spierbare Wand suergen. Déi héchst Vitesse wieren an der Nuecht op den Donneschden ze erwaarden.

Dem aktuelle Stand no wäerte mir am Laf vum fréie Mëttwochmëtte fir d’éischt Kier mierken, dass de Wand wierklech amgaang ass, zouzehuelen. Vum spéidere Nomëtten u kann et op de Koppe schonn zu Wandstéiss vun tëscht 50 a 70 km/h kommen. Dozou gëtt et ëmmer méi wollekeg an et ass mat eenzelne Schaueren ze rechnen – kee Wonner, déi éischt Kalfront zitt duerch. Dës Kalfront hänkt mat engem vun deene Kären zesummen, déi méi wäit ewech vun eis leien, nämlech iwwer Skandinavien. Et ass zwar doduerch méi lefteg, mee ëmmer nach net richteg stiermesch bei eis. Bis an den Owend eran ass mat enger Verstäerkung vum Wand ze rechnen.


Animatioun vum Stuermfeld, dat um Mëttwochowend/an der Nuecht op den Donneschden aus Westen op eis duergezu kënnt. | Animatioun: wxcharts.com

Interessant gëtt et an der Nuecht op den Donneschden, haaptsächlech an der zweeter Nuetshallschent. Den Déifdrockkomplex schëppt vum Atlantik hier e Randdéif/Schnellleefer an eis Géigenden, deen – wéi et de Numm seet, immens séier ënnerwee ass. Dëst Randdéif soll eis an der zweeter Hallschent vun der Nuecht op den Donneschde knapp nërdlech passéieren, wouduerch mir voll an d’Wand-/Stuermfeld dovu gerode wäerten. Iwwerdeems ass mat Stuermstéiss bis hin zu schwéiere Stuermstéiss vun tëscht 70 a 90 km/h ze rechnen. Dëst Randdéif bréngt net nëmme Wand mat sech, mee och de Risk vu punktuell méi kräftege Schaueren oder och mol Donnerwieder. Am Fall vun esou engem Schluet si schwéier Stuermstéiss vu bis zu 100 km/h oder liicht driwwer net ausgeschloss – se sollen awer méi eng Ausnam duerstellen.

Um fréien Donneschdemoie fänkt de Wand un e bësse méi schwaach ze ginn, ier en am Laf vum Dag erëm bësse méi opfrëscht. E weidert klengt Randdéif wäert d’Groussregioun passéiere, wouduerch a Richtung Nomëtte nach eng Kéier kuerz bis ëm 75 km/h méiglech sinn, ier sech de Wand definitiv leet.

Zu dem übleche Geforen ziele natierlech ëmgefale Beem, Äscht oder soss Dreck an de Stroossen. Beanträchtegungen am Stroosseverkéier si soumat net ausgeschloss bis hin zu warscheinlech. Et si Virwarnungen aktiv.