Geféierlechen Hurrikan FLORENCE ënnerwee op North Carolina

De Moment sinn dräi Hurrikanen um Atlantik aktiv – d’FLORENCE, d’HELENE an den ISAAC. D’FLORENCE steet de Moment am Spotlight, well et der US-Ostküst historësche Reefall a Wandvitesse brénge kéint.

FLORENCE mëttlerweil Kategorie 4 Hurrikan

De Sonndënowend (09. September 2018) war den Hurrikan FLORENCE nach als Kategorie 2 agestuft, waat Wandvitesse vun 154 bis 177 km/h entsprëcht. Iwwer Nuecht an innerhalb vu 24 Stonnen huet sech de Stuerm rapid zu engem Major Hurricane (mindestens Kategorie 3) forméiert. Well sech de System op extrem waarmem Gewässer beweegt, sinn d’Konditiounen optimal vir eng weider Verstärkung. Sou konnt sech d’FLORENCE de Méindenomëtten eiser Zäit zu engem Hurrikan vun der véierter Kategorie weiderentwécklen. Daat si Wandvitesse vun 209 bis 251 km/h.

Et gëtt domadde gerechent, dass d’FLORENCE tëschent dem Donnëschdemëtten a Freidemoien un der Küst vu North Carolina u Land goe wärt, daat mat enger Sëcherheet vun iwwer 85%. Virun allem d’Ëmgéigend vu Wilmington, NC kéint e Volltreffer ofkréien. Sollten eenzel Modell-Solutioune recht behaalen, da wier souguer d’Kategorie 5 net auszeschléissen.

Historësch Nidderschlagsquantitéite méigleg

Vum Donnëschden op de Freide wärten ouni Zweifel liewensgeféierlech Konditiounen un der Küst vu North Carolina ze erwaarde sinn. Nieft dem Wand stellt och de Reen e grousse Problem duer. Den aktuelle Modellrechnunge no geet d’Zuchgeschwindëgkeet vum System däitlech eroof, wann e sech net méi wäit vun der Küst ewech befënnt. Duerch zolitte Reen, deen duerch déi lues Zuchgeschwindëgkeet ganz laang unhaale kann, si Reenquantitéite vu bis zu 400 l/m² méigleg. Ënnert de Modeller ginn et nach e puer Onsëcherheeten, den GFS rechent beispillsweis mat iwwer 1000 l/m² Reen entweder un der Küst oder méi wäit um oppene Mier.

Egal ob 400 oder 1000 l/m² Reen, katastrophal Zoustänn wärt et secher ginn. Duerch de staarke Wand si bis zu 13 Meter héich Wellen ze erwaarden. Vum Dënschden un ginn d’Leit evakuéiert. Méi zum FLORENCE an den aneren aktive Stierm fannt Dir ënner hurricanes.gov