Geminiden: Stäerkste Meteorstroum vum Joer ass amgaang

Am Dezember ass erem d’Zäit vun de Stäreschnäizen: D’Geminiden ereechen hiere Maximum a si gläichzäitëg de stärkste Meteorstroum vum Joer.

120 Exemplarer pro Stonn

De Maximum vun de Geminiden ass réischt den iwwernächste Weekend, mee och elo scho kann ee vereenzelt Stäreschnäizen iwwert den Himmel husche gesinn. Dëst natierlech just, wann d’Wieder et och zouléisst.

De Maximum ass an der Nuecht vum 13. op de 14. Dezember, pro Stonn gi statistesch gesinn ëm 120 Stäreschnäizen erwaart. Am beschte kann een se an de fréie Moiesstonne vum 14. Dezember observéieren, haaptsächlech wann ee sech wäit fort vun all méiglecher Liichtverschmotzung ophält. Bei duerchschnëttlechen Observatiounskonditioune kann ee bis zu 60 Exemplarer d’Stonn gesinn, bei bal perfekte Konditioune kann ee mat Chance un d’Wäerter vun der Statistik erukommen.

Wéi gëtt d’Wieder?

De Koméit “Phaeton” mecht et méigleg

De Radiant, also de Punkt, vun dem d’Stäreschnäizen eroofzefaale schéngen, ass d’Stärebild Zwilling (Gemini). Dëst ass gutt duerch déi zwee hell Haaptstäre Castor a Pollux ze erkennen. Wéi bei all Meteorstroum duerchflitt d’Ärd d’Stëbswolléck vun engem Asteroid. Bei de Perseiden, déi am August hire Maximum ereechen, ass et den 109P/Swift Tuttle. Bei de Geminiden ass de Koméit Phaeton fir daat flott Schauspill verantwortlech. Beim Duerchfléie vun der Stëbswolléck gerode kleng Partikelen an eis Äerdatmosphär a vergléie, wouduerch dann d’Stäreschnäize siichtbar ginn.

Dëse Meteorstroum ënnerscheed sech awer an engem Punkt vun denen aneren (ganz ofgesi vun der Unzuel d’Stonn): Se zéie vergläichsweis lues iwwert den Himmel, wat mat der Antrëttsvitesse vun de Partikelen ze dinn huet.