Geomagnéitesche Stuerm & KP-Index vu 7: Polarliichter ze erwaarden, mee spillt d’Wieder mat?

De Mëtten huet eis e koronale Massenausworf vun der Sonn erreecht, deen an dëser Nuecht fir Polarliichter suerge kann – deels och visuell. Eng aner Fro ass awer, ob d’Wieder e Bléck an den Himmel iwwerhaapt zouléisst.

Advertisement

E geomagnéitsche Stuerm vun der Stäerkt G3, kann awer nach eropgestuuft ginn

Wéi de National Space Weather Prediction Center mellt, huet eis de Mëtte géint 16:45 Auer e sougenannte CME, also eng Coronal Mass Ejection (koronale Massenausworf, ausgeléist duerch eng Sonneneruptioun) erreecht. Duerch dës CME’en kënnt et op der Äerd zu Polarliichter, well d’Magnéitfeld agedréckt gëtt – vereinfacht gesot. Je no Intensitéit vum CME kënnen d’Polarliichter bis a méi niddereg Breete siichtbar ginn, änlech wéi am Mee vun dësem Joer.


Déi aktuell Berechnungen a Saache KP-Index fir déi nächst Stonnen | Grafik: polarlicht-vorhersage.de

Et gëtt berechent, dass de KP-Index an dëser Nuecht Wäerter vun ëm 7 wäert erreechen. De KP-Index seet aus, wéi wäit südlech d’Polarliichter potenziell ze gesi sinn. Fir dass een se hei zu Lëtzebuerg eenegermoosse gutt mat der Kamera (per Laangzäitbeliichtung) gesäit, muss dësen bei mindestens 7 leien. Et kann een also gespaant sinn, ob et dann dës Kéier klappt, nodeems d’Situatioun mat de potenzielle Polarliichter vum vergaangene Weekend net esou geklappt huet wéi erwaart.

Alles schéin a gutt, mee wat seet d’Wieder?

Sollt sech d’Situatioun weider intensivéieren, da wieren d’Polarliichter och erëm mam bloussen Aen ze gesinn. Mee do gëtt et nach een Hindernis: D’Wieder. Reng theoretesch géif sech de Bléck an den Himmel elo schonn ubidden, mee mir hunn ëmmer nach e Pak Schaueren a kleng Reegebitter, déi aus der Belsch op eis duerkommen. D’Modeller gesi réischt fir déi zweet Nuetshallschent besser Chancen, dass sech Wollekelücke kënne forméieren an et méi dréche gëtt. Dann muss ee just nach hoffen, dass d’Konditiounen a Saachen Polarliichter och ëmmer nach stëmmen.