Gëschter war de wäermste September-Dag zanter Opzeechnungsufank

Aussergewéinlech héich Temperaturen hunn eis de Moment am Grëff. Dëst huet um Dënschden zu enger ganzer Partie Rekorder gefouert.

Esou waarm wéi zanter 1949 net méi

Héije Loftdrock iwwer Europa/Osteuropa, déiwe Loftdrock um Atlantik – waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum ginn ugezaapt, wouduerch bei eis iwwerduerchschnëttlech héich Temperature kënne gemooss ginn. Um Dënschden ass et hei zu Lëtzebuerg esouguer fir de wäermste September-Dag zanter Opzeechnungsufank am Joer 1838 duergaangen.

De staatleche Wiederdéngscht vun der ASTA (AgriMeteo) bedreift eng 32 Wiederstatiounen ueschtert Land. Deemols, de 6. September 1949, ass zu Gréiwemaacher eng Maximaltemperatur vu ronn 34 Grad festgestallt ginn. Um Dënschden, 15. September 2020, ass dëse Rekord un dëser an u 7 anere Statioune geknackt ginn. Wéi AgriMeteo matdeelt, läit de landeswäiten Allzäitrekord fir déi héchst Temperatur an engem September vu gëschter u bei 35,2 Grad – gemooss zu Steesel.

Statiouns- Allzäitrekorder um Dënschden, 15. September 2020

  • Steesel: 35,2°C
  • Bettenduerf: 34,7°C
  • Réiser: 34,3°C
  • Clemency: 34,7°C
  • Recken: 34,2°C
  • Gréiwemaacher: 34,2°C
  • Trënteng: 34,1°C
  • Réimech: 34,1°C

Donnéeën: AgriMeteo

Och um Findel wäermste September-Dag zanter Opzeechnungsufank

Der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux um Findel ass d’Hëtzt net entgaang. Mat 32,2 Grad konnt och do déi héchst Temperatur fir e September-Dag zanter Opzeechnungsufank am Joer 1947 gemooss ginn. Den aale Rekord louch bei 31,5 Grad an ass vum 6. September 1973.

Wéi MeteoLux betount, sinn Temperaturen vun iwwer 30 Grad an engem September keng Raritéit. Wäerter, wéi se gëschter opgetruede sinn, sinn awer schonn erëm däitlech ze vill fir d’Joreszäit. Hei eng Oplëschtung vun de leschten Allzäitrekorder fir e Mount September, baséierend op den Donnéeë vu MeteoLux:

  • 32,2°C de 15. September 2020
  • 31,5°C de 06. September 1973
  • 30,8°C de 19. September 1947
  • 30,5°C den 13. September 2016
  • 30,3°C de 05. September 1973
  • 30,2°C de 05. September 1949
  • 30,0°C den 03. September 1962
  • 30,0°C de 05. September 1982