Geschwënn méi waarm? De kuerz- a mëttelfristegen Temperaturausbléck

Wéi mir jo wëssen, geet et an dëser Woch mol nach variabel virun. Wat méi héich Temperaturen ugeet, musse mir eis och erëm e bësse gedëllegen.

Advertisement

Temperaturen hale sech fir de Moment a Grenzen

Duerch déi momentan Konstellatioun vun den Drockgebitter ginn eis ëmmer erëm kill Loftmassen aus dem héije Norden zougespillt. Se sinn zwar net immens kal, an awer gräift een dann léiwer erëm zur Jackett amplaz zur liichter Kleedung. Zur selwechter Zäit maache sech iwwert dem Mëttelmierraum an och dem Oste vun Europa no a no méi waarm Loftmasse breet, déi eis fir de Moment awer nach net kënnen erreechen. Muer um Dënschde gi Maximaltemperature vun tëscht 14 an 18 Grad erreecht, fir e Mëttwoch sti momentan 10 bis 14 Grad um Programm. Fir en Donneschde wieren et, Stand elo, 9 bis 14 Grad.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmassen bis den 1. Mee, Momentopnam | Animatioun: wxcharts.com

Duerno gëtt et méi kniffleg, well d’Meenunge vun de Modeller auserneeginn. 14 bis 18 Grad si fir e Freiden am “best case” dran, e Samschde 16 bis 19 Grad. Den optimisteschste Berechnunge no kéinten et e Sonnde 17 bis 21 Grad ginn, anerer sinn awer grad emol mat 13 bis 17 Grad dobäi – d’Schéier geet also nach richteg wäit auserneen.

Spekulativen Ausbléck

Dësen Deel vum Artikel ass ausdrécklech spekulativ: Momentan deiten d’Modeller ECMWF a GFS un, dass vum nächste Méinden un d’Warscheinlechkeet vu Waarmloftvirstéiss däitlech kéint an d’Luucht goen. Der aktueller Moment-Opnam vum GFS no kéinte ronderëmt de 29. Abrëll Wäerter vu knapp ënner 25 Grad erreecht ginn. Dës Warscheinlechkeet géif bis an de Mee eran unhalen. Den europäesche Modell rechent vum Muster hier eppes änleches, just géifen déi mëll Loftmassen ze wäit westlech verlafen, fir dass mir et an de selwechten Temperaturberäich géife packen.

Wéi gesot, dat ass alles nach mat Virsiicht ze genéissen. Fest steet awer, dass eis déi waarm Méint lues awer sécher méi no kommen.