Glat Stroosse: Vum Freidevirmëtte bis an de fréie Nomëtte LOKAL Reen dee fréiert

De Freide passéiert eis eng Kalfront, wouduerch et och zu Nidderschléi komme wäert. Des Nidderschléi falen op deels gefruerene Buedem, wouduerch plazeweis wärend enger kuerzer Zäit de Risk vu glate Stroosse besteet.

Meeschtens Reen, kuerzzäiteg awer och mol Schnéireen oder Schnéi

D’Wiederlag, déi eis haut um Freiden erwaart, ass net aussergewéinlech, mee awer interessant a nennenswäert. Et kéint nämlech op lokaler Basis wärend enger kuerzer Zäit spigelglat ginn.

Wéi kann dat sinn? An der Nuecht huet et op de meeschte Plazen op 2 bis -2 Grad ofgekillt, plazeweis och bis op em -3 Grad. Wann d’Nidderschléi am Virmëtten/fréie Mëtten ukomme, klammen d’Temperaturen iwwerall am Land lues awer sëcher an de positive Beräich. Loftfrascht gëtt et also ëmmer manner, allerdéngs gëtt et um Buedem selwer net sou séier méi mëll. Dëse ka lokal nach méi laang gefruer sinn, wouduerch de Nidderschlag, deen erofkënnt, um Buedem fréiere kéint. Dëst wäert awer, wéi gesot, net iwwerall de Fall sinn.

Am Laf vum Nomëtte klammen d’Temperaturen och um Buedem ëmmer méi an de Plus, d’Wahrscheinlechkeet vu glate Stroosse geet also zréck.

Wann d’Kalfront bei eis ukënnt, leien d’Temperature nach tëscht -1 an 2 Grad. Meeschtens reent et schon, op de Koppe kann et awer virdéicht mol nach zu Schnéireen oder punktuell och zu Schnéi kommen, deen awer keng laang Liewensdauer huet.