Glatäis bei eise Noperen a Frankräich & Däitschland, och Schwäiz & Éisträich betraff

De Glëtz ass wéi ugekënnegt südlech u Lëtzebuerg laanschtgezunn, iwwerdeems mir et mat de besoten éischter gerénge Schnéiquantitéiten ze dinn haten.

Titelbild: Melitta Burger

Orange a rout Alerten an eise Nopeschlänner

D’Loftmassegrenz hält haut vill Géigenden an Otem: Virun allem duerch Blëtzäis geet plazeweis net méi vill, eng sëllegen Accidenter sinn bei eisen direkte Nopere schonn geschitt.

De staatleche Wiederdéngscht a Frankräich, MeteoFrance, huet fir 23 Départementer eng Alerte Orange erausginn, dat wéinst Schnéi a virun allem immens glate Stroossen. D’Alerte grenzen direkt un eisem Land, wouduerch ee mierkt, wéi knapp südlech déi potenziell geféierlech Zon läit. An Däitschland bewarnt den Deutscher Wetterdienst Deeler vu Baden-Württemberg & Bayern mat enger Onwiederwarnung vum roude Niveau, dat aus de selwechte Grënn. Direkt ugrenzend zu Lëtzebuerg ass eng giel Warnung viru Schnéifall aktiv.

Kaarten: DWD, MeteoFrance, ZAMG, MeteoSchweiz

Och am Norde vun der Schwäiz sinn orange Warnungen aktiv, an Éisträich sinn et déi giel Warnstufen.

E puer Andréck via Twitter: